Montée du Grund
Strooss am Quartier Gronn vun der Stad Lëtzebuerg
D'Montée du Grund, op lëtzebuergesch Gronnbierg, Grënner Bierg oder Grënnesche Bierg, ass eng Strooss am Quartier Gronn vun der Stad Lëtzebuerg. An der Verlängerung vum Breedewee féiert se vun der Spuenescher Paart erof bis op d'Schmëdd.
![]() | |
Numm |
lb: Gronnbierg, Grënner Bierg, Grënnesche Bierg fr: Montée du Grund |
---|---|
Längt | ca. 150 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gronn |
Postcode | 1645 |
Koordinaten |
49° 36’ 32.8’’ N 06° 08’ 03.9’’ O |
GeschichtÄnneren
Um ënneschte Wupp vum Gronnbierg stoung bis 1871 d'Grënnesch Paart, eng Paart an der 3. Rankmauer vun der Festung. An der Géigend vun der dëser Paart huet sengerzäit e Schmadd gewunnt deen der Paart eng laang Zäit och den Numm Smyetgesporte oder Clensmytgesport ginn huet, Bezeechnungen déi schonn an Dokumenter vun 1329 a 1448 opdauchen.
D'Presenz vun engem Schmadd huet deemno och der Plaz wou de Gronnbierg an den Neie Wee zesumme stoussen den Numm ginn (Op der Schmëdd).
BillerÄnneren
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Montée du Grund – Biller, Videoen oder Audiodateien |