Rue Beaumont (Stad Lëtzebuerg)
Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg
D'Rue Beaumont ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft parallel mat der Groussgaass a verbënnt d'Theaterplaz mat der Neipuertsgaass.
Lëtzeb. Numm | Beaumontsgaass |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1219 |
Koordinaten | 49°36'46,91"N, 6°7'46,85"O |
Morphologie | |
Längt | 160 m |
Héicht i. M. | 307 m |
Geschicht | |
Genannt | 19 Juli 1901 |
Genannt no | Ernest-Dominique d'Arenberg |
Fréieren Numm | Beaumontstrasse |
GeschichtÄnneren
Den Numm vun der Strooss geet zréck op den Ernest-Dominique d'Arenberg (* 1643; † 1686), Grof vu Beaumont, dee vun 1676 bis 1684 Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg war.
Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf an der Beaumontsgaass eng Garnisounsbäckerei fir déi Franséisch Truppen opgemaach[1].
Wärend der Franséischer Revolutioun gouf d'Strooss de 15. September 1798 (29. Fructidor am Joer VI) a Rue de la Liberté ëmgenannt an 1807 krut se nees hiren Originalnumm. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Beaumontstraße” geheescht.
GebaierÄnneren
- Paterkierch
- Gebai vum Inneministère
BillerÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Rue Beaumont (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Evy Friedrich 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 3: 26