Rue de Kevelaer (Stad Lëtzebuerg)

Rue de Kevelaer, ass den Numm vun enger Strooss um Weimeschhaff an der Stad Lëtzebuerg, déi 2017 nei ugeluecht gouf. Se geet als Sakgaass vun der Rue des Labours, parallell mat der Rue des Carrières a Richtung Südweste fort.

Rue de Kevelaer
Numm fr: Rue de Kevelaer
Bemierkung Strooss ass nach am Bau
Längt ca. 185 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Neiduerf/Weimeschhaff
Postcode 1822
Koordinaten 49° 37’ 43.1’’ N
      06° 10’ 12.4’’ O
Genannt no Kevelaer

An dëser Strooss sinn 2 Luxus-Residenze mat am Ganze 16 Wunnenge geplangt (Stand: Abrëll 2016)[1]; Promoteur ass „City Villas“ S.à r.l.

D'Strooss ass no der nordrhein-westfälescher Stad Kevelaer benannt, enger vun de wichtegste Mariepilgerplazen an Däitschland. Wéinst dem Gnodebild vu Kevelaer, engem Kofferstéch mat der Tréischterin vu Lëtzebuerg, besteet zënter 1642 eng déif Verbonnenheet tëscht Kevelaer a Lëtzebuerg.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de Kevelaer (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Résidence Lafayette op www.lafayette.immo, gekuckt de 25. Abrëll 2016