Rue Sigefroi

Strooss zu Lëtzebuerg

D'Rue Sigefroi ass den Numm vun enger Strooss an der Stater Uewerstad.

Rue Sigefroi
Lëtzeb. Numm Méchelsstrooss
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode 2536
Koordinaten 49°36'40,8"N, 6°8'3,7"O
Morphologie
Längt 150 m
Héicht i. M. 297 m
Geschicht
Genannt no Siegfried vu Lëtzebuerg

Geschicht

änneren

D'Strooss ass nom Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg genannt. Si krut hiren Numm eréischt den 29. Dezember 1945. Virdrun huet déi haiteg Rue Jean-Origer esou geheescht, déi dunn zu Éiere vum Jean Origer, deen am KZ Dachau ëmkomm war, ëmbenannt gouf. Virdrun, ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss Fischmarktstraße[1]

Um Plang vum Jean-Pierre Biermann, vun 1907, ass se als Rue Saint-Michel verzeechent.[2]

D'Rue Sigefroi huet hiren Ufank an der Verlängerung vun der Fleeschiergaass, do, wou de Rouscht dru stéisst. Si geet da biergof, iwwer de Fëschmaart bis bei d'Schlassbréck, wou d'Corniche an de Boulevard Victor-Thorn dru stoussen. Déi Säit der Schlassbréck geet et viru mam Clausener Bierg.

Klasséiert Monumenter

änneren

Verschidde Gebaier an der Rue Sigefroi stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[3] Et sinn dat:

Hausnr. Beschreiwung Niveau klasséiert zanter Bild
Méchelskierch, mat hirer Uergel an där hirem barocke Buffet. MN 27. Mee 1963  
1 Haus Gëlle Klack IS 20. Oktober 1961  
3 fréier Clinique Saint-Joseph mat hiren Niewegebaier MN 10. November 1989  
6 Um Enn vum 16. Jh. Wunnhaus vum Schäffe Mathias Birthon, uganks vum 19. Jh. vum Mathieu-Lambert Schrobilgen, dono vun der Famill Wurth-Paquet. De François-Xavier Wurth-Paquet ass 1885 hei gestuerwen. Déi haiteg Form vum Haus ass vum 18. Jh., säi Kär ass awer méi al.[4] MN 3. Mäerz 1989  
8 MN 3. Mäerz 1989  
10 MN 3. Mäerz 1989  
12 fréier Clinique Saint-François MN 20. Oktober 1961  

MN: Monument National, IS: Inventaire Supplémentaire

D'Bluttbuch bei der Méchelskierch am Gaart vum Parhaus zielt zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

D'Gebai vum Staatsrot gouf 1959 op der Plaz vun der Villa Werling opgeriicht.

Um Spaweck

änneren

D'Rue Sigefroi an Ons Stad N° 73

Commons: Rue Sigefroi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Fiche 254 - Sigefroi am Archiv vun der Stad Lëtzebuerg.
  2. Fichier:Biermann,_Plan_Luxembourg_en_1907.jpg
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  4. Plaquette um Haus, déi op Initiativ vum Comité Alstad a Paul Wurth S.A. do opgehaange gouf.