Rue Adolphe-Fischer
Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg
D'Rue Adolphe-Fischer ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Boulevard de la Pétrusse a Richtung Südoste bis bei d'Hollerecherstrooss.
Numm | fr: Rue Adolphe-Fischer |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: verschidden Deeler: Rue Cécile Rue Augustin |
Längt | ca. 775 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | 1521 |
Koordinaten |
49° 36’ 07.6’’ N 06° 07’ 36.9’’ O |
Genannt no | Adolphe Fischer |
Geschicht
ännerenD'Strooss, déi nach am Ufank vum 20. Joerhonnert a verschiddenen Deeler „Rue Augustin“[1],[2] a „Rue Cécile“[3] geheescht huet[4],[5], ass nom Adolphe Fischer, dem fréiere Buergermeeschter vun Hollerech benannt.
Gebaier
ännerenGebai mat Parkhaus wou bis 2015 d'Police-Kommissariat aus der Stad dra war.
Dat Gebai an d'Plaz déi derzou gehéiert, op Nummer 122 an der Adolphe-Fischer-Strooss, stinn op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter:
Haus- nummer |
Beschreiwung | Bild |
---|---|---|
122 | Gebai mat der Plaz |
Biller
änneren-
61, rue Adolphe Fischer
-
74-84, rue Adolphe-Fischer
-
101, rue Adolphe Fischer
Um Spaweck
ännerenCommons: Rue Adolphe-Fischer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ tëscht dem haitege Boulevard de la Pétrusse an der haiteger Rue d'Anvers
- ↑ Um Biermann-Plang als „rue Auguste“ ageschriwwen, an der Decisioun vum Gemengerot vun 1925 fir d'Strooss ëmzenennen awer als „rue Augustin“ bezeechent
- ↑ tëscht der haiteger Rue d'Anvers an der Rue de Strasbourg
- ↑ „Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11