D'Rue du Fort Neipperg[1] ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Aler Avenue fir d'éischt a Richtung Osten an dann - quasi parallel mat der Eisebunn - a Richtung Norde bis op d'Kräizung mam Boulevard d'Avranches an der Avenue Charles de Gaulle.

Rue du Fort Neipperg
Numm lb: Vullegaass (pejorativ, Ëmgankssprooch)
fr: Rue du Fort Neipperg
Fréieren Numm fr: en Deel: Rue de la Poste
Längt ca. 470 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2230
Koordinaten 49° 36’ 11.5’’ N
      06° 08’ 07.1’’ O

Geschicht änneren

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet den Deel vun der Aler Avenue bis bei d'Rue Bender „Rue de la Poste“ geheescht[2],[3].

Den haitegen Numm vun der Strooss geet zeréck op de Fort Neipperg, deen do stoung, engem Reduit um ëstleche Wupp vun der Diddenuewener Front vun der Festung Lëtzebuerg. Dëst ass sengersäits nom Wilhelm Reinhard, Grof vun Neipperg (1684-1774) genannt ginn, dee vu 1730 u Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg war.

Kuckt och änneren

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue du Fort-Neipperg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. An eelere Schreifweisen och als Neyperg erëm ze fannen
  2. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  3. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11