Avenue Guillaume

lëtzebuergesch Stross

D'Avenue Guillaume ass eng Strooss am Quartier Belair vun der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank op der Kräizung Boulevard Grande-Duchesse Charlotte / Escher Strooss a leeft dann a Richtung Weste bis bei d'Avenue du Dix-Septembre. Als Verbindung tëscht der N4 an der N5 ass se och eng Nationalstrooss, an zwar d'N5A.

Avenue Guillaume
Numm fr: Avenue Guillaume
Fréieren Numm de: Wilhelmallee
Deel vun N5A
Längt ca. 580 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 1650, 1651
Koordinaten 49° 36’ 25.3’’ N
      06° 06’ 58.7’’ O

D'Avenue krut hiren Numm als Undenken un de Wëllem IV. dee vun 1905 bis 1912 Groussherzog vu Lëtzebuerg war[1].

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Wilhelmallee” geheescht[2].

Gebaier änneren

Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:

  • Enregistrementsgebai („Ale Foyer“ als Referenz un d'Versécherungsgesellschaft Foyer déi d'Gebai 1948 als hire Siège gebaut hat)
  • eng Rëtsch Villaen an herrschaftlech Haiser

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Avenue Guillaume – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich, 1983. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 13: 30
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32