Beim Fetschebuer
Beim Fetschebuer ass den Numm vun enger Sakgaass am Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg.
Fréieren Numm | fr: Rue des Pommiers (en Deel) |
---|---|
Längt | ca. 750 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Hamm |
Koordinaten |
49° 36’ 55.3’’ N 06° 10’ 06.6’’ O |
Se huet hiren Ufank beim Hammer Dällchen a leeft vun do aus a Richtung Osten, parallel mat der Eisebunn bis bei de Boulodrome.
Geschicht änneren
Nodeems d'Zuchstreck moderniséiert an ausgebaut gouf an d'Barriär nieft der Gare Zens-Hamm ofgerappt an duerch eng Bréck ersat gi war, krut den Äppelwee um ëstleche Wupp en neien Tracé. Dat Stéck vum fréieren Äppelwee, dat tëscht dem Hammer Dällchen an der Barriär louch, krut 2019 - zesumme mat der Sakgaass déi bis bei de Boulodrome féiert a bis dohin nach keen Numm hat - den Odonym Beim Fetschebuer.
Den Numm geet zeréck op de Fetschebuer, e Buer an eng Dränk déi Säit vun der Eisebunn.
Biller änneren
-
Beim Fetschebuer a Richtung Osten...
-
an a Richtung Weste gekuckt.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Beim Fetschebuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren