Avenue Victor-Hugo
D'Avenue Victor Hugo um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg verbënnt d'Allée Scheffer mam Square Édouard-André.
Numm | fr: Avenue Victor Hugo |
---|---|
Fréieren Numm | de: Karl Theodor Andréstraße |
Längt | ca. 720 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Lampertsbierg |
Postcode | 1750 |
Koordinaten |
49° 37’ 16.4’’ N 06° 07’ 16.7’’ O |
Genannt no | Victor Hugo |
Laanscht d'Avenue Victor Hugo leien de Lycée de garçons (e bësse méi zeréck, op der Place Auguste-Laurent), d'Victor-Hugo-Hal, den alen Tramsschapp, den hënneschten Agank vum Foyer „Kannerland“ an d'Grondschoulen Henri VII an Alen Tramsschapp.
D'Strooss krut hiren Numm als Erënnerung un de franséischen Auteur Victor Hugo. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war se an „Karl Theodor Andréstraße” ëmgenannt ginn[1], nom preisesch-lëtzebuergesche Politiker an Dichter Karl Theodor (oder Charles Théodore) André.
Biller
änneren-
An der Avenue Victor Hugo, a Richtung Norden...
-
an a Richtung Süde gekuckt.
-
D'Primärschoul "Alen Tramsschapp"
Um Spaweck
ännerenCommons: Avenue Victor-Hugo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.