Rue de la Francophonie

Strooss an der Stad Lëtzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Rue de la Francophonie ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft als Sakgaass vum Boulevard de Kockelscheuer a Richtung Süden.

Rue de la Francophonie
Numm fr: Rue de la Francophonie
Längt ca 220 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gaasperech
Koordinaten 49° 35’ 02.1’’ N
      06° 07’ 44’’ O
Genannt no Francophonie

Fofzeg Joer no der Grënnung zu Lëtzebuerg vun der Assemblée parlementaire de la Francophonie am Joer 1967, gouf dësen Odonym fir eng Strooss erausgesicht[1], déi nieft dem Campus francophone läit. Dëse Schoulkomplex deen op enger Fläch vu 5,4 ha zanter 2016 gebaut gëtt, ëmgräift engersäits d' École française de Luxembourg an anersäits de Lycée Vauban, déi ënnert dem gemeinsamen Numm “Vauban, École et lycée français de Luxembourg” fusionéiert goufen.

Et ass eng vun de wéinege Stroossen zu Lëtzebuerg, déi no abstrakte Konzepter (hei: der Francophonie), an net no Plazen, Persounen, Saachen oder Evenementer genannt goufen.

Gebaier änneren

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de la Francophonie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 43e Session de l'Assemblée parlementaire de la Francophonie à Luxembourg - Dossier de presse op apf.francophonie.org, Säit 4 (gekuckt de 25. August 2017)