De Raspert ass eng Strooss an zwéin Deeler an de Quartiere Weimeschkierch an Dummeldeng an der Stad Lëtzebuerg.

Raspert
Numm fr: Raspert
Längt ca. 600 + 175 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Dummeldeng, Weimeschkierch
Postcode 2414
Koordinaten 49° 37’ 49.2’’ N
      06° 08’ 08.2’’ O

Als Verlängerung vun der Rue de Stavelot verleeft de Raspert vun der Rue Munchen-Tesch zu Weimeschkierch tëscht der Uelzecht an der Eisebunn erduerch a Richtung Norden, bis bei d'Dummeldenger Barriär op der Iechternacherstrooss.

De Verlaf vum Raspert (giel hannerluecht) Quell: OpenStreetMap

Am éischten Deel stinn d'Haiser nëmmen op der lénkser Stroossesäit (op der Säit vun der Uelzecht) an hunn ongerued Hausnummeren (1 - 69). Ongeféier 120 Meter virum Wupp vun der Strooss, geet den Haiserverlaf vum Raspert ëstlech vun der Eisebunn virun, mat Haiser op der rietser Stroossesäit (gerued, Hausnummeren 2 - 24) an zum Schluss engem eenzegen Haus op der lénkser Säit (ongerued, Nummer 71).

No den Donnéeë vum Ur-Kadasterplang (ëm 1820) muss de Raspert en Deel vun engem ale Wee gewiescht sinn, dee vun der Stad aus um rietsen Uwänner vun der Uelzecht a Richtung Norde gaangen ass[1]. Mam Bau vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen gouf de Raspert du gedeelt, wouduerch haut déi bosseg Konfiguratioun besteet.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Raspert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Beck H. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 49, 1995: 32