Boulevard d'Avranches

lëtzebuergesch Stross

De Boulevard d'Avranches ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg a verleeft als Verlängerung vum Boulevard de la Pétrusse vun der Aler Avenue un a Richtung Osten bis bei d'Rue du Laboratoire.

Boulevard d'Avranches
Numm fr: Boulevard d'Avranches
Fréieren Numm fr: Boulevard de l'Alzette
de: Moselstraße
Deel vun N2
Längt ca. 370 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2327
Koordinaten 49° 36’ 18’’ N
      06° 08’ 08.8’’ O

D'Strooss ass no der franséischer Stad Avranches benannt, well et do den alliéierten Truppe bei der Operatioun Cobra ënner dem Kommando vun de Genereel Patton a Bradley, Enn Juli 1944, gelonge war déi däitsch Linnen ze duerchbriechen, wat méi spéit zur Liberatioun vu Lëtzebuerg mat bäigedroen huet[1].

D'Strooss huet fréier Boulevard de l'Alzette geheescht, ier se 1947 den haitegen Numm krut[2]. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war se an „Moselstraße” ëmgenannt ginn[3].

Op der ganzer Längt gehéiert de Boulevard d'Avranches zur Nationalstrooss 2.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Boulevard d'Avranches – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich, 1979. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 2: 33
  2. Evy Friedrich, 1979. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 2: 32
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32