:>>> NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER <<<


Moie GilPe,

Merci fir déi vill flott Biller fir d'Patrimoines-Lëscht. Ech hu gesinn, Dir hutt der och e puer vu Stater Bussen eropgelueden.

Eent dervun hunn ech emol an den Artikel Autobus de la Ville de Luxembourg agebonnen. Dir kënnt selbstverständlech deen Artikel ausbauen, méie Biller asetzen, asw: Wikipedia besteet, well eenzel Leit Saache bäidroen, déi s'intressant fannen, oder iwwer déi se bescheed wëssen. Wann Der Froen hätt, net zécken, et ass bal ëmmer een "do", deen Iech se beäntwere kann.

--Zinneke 09:46, 25. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

PS:Heidrënner e puer allgemeng Tuyauen:


Moie GilPe,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Bild vum Milliounewee aus änneren

Moien,

just fir Bescheed ze soen, datt ech Är flott Panoramafoto vun der Alstad an d' Portal:Stad_Lëtzebuerg agebaut hunn. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:30, 12. Mee 2013 (UTC)Äntweren

Tip-top, merci. Merci och, datt der meng Kategorie Rue Jules Wilhelm (Luxembourg City) am Commons geréckelt hutt; déi war mer iergendwéi verrëtscht... --GilPe (Diskussioun) 15:47, 12. Mee 2013 (UTC)Äntweren

Commons änneren

Moien, hei eng Propositioun op Commons déi Iech eventuel intresséiert. --Jwh (Diskussioun) 22:18, 23. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Moien, Jo Merci fir dës Info; kléngt plausibel fir d'Bezeechnung eenheetlech ze organiséieren. Et feelen souwisou nach eng Partie Schëlter an der Kategorie; ech kann déi dann nom neie proposéierte Schema bezeechnen. Wéi geet et da mat deenen déi schonns op Commons stinn? Wie kann/däerf déi dann ëmnennen?

Nach eng aner Fro: et ass och e bësse Konfusioun mat de Biller an de Kategorien: déi meeschte stinn ënnert Category:Verkéiersschëlter, anerer och nach an der Iwwerkategorie Category:Road signs in Luxembourg. Wat ass hei "richteg"? - Merci --GilPe (Diskussioun) 08:18, 24. Feb. 2014 (UTC)Äntweren


Moien,

Op dëser Säit fënnt ee se bal all (mengen ech emol) an et kann ee se souguer knäipen an eroplueden. --Les Meloures (Diskussioun) 16:01, 24. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Hm, dat mam eroplueden klappt mengen ech net, well si ginn ënnert "Aspects légaux" un: "La reproduction de ces informations est autorisée à des fins non commerciales à condition que la source soit mentionnée." Ech hat dozou och schonns um Staminee Lizenz mat Konditiounen eppes gepost... D'Säit ass iwwregens net komplett an net aktuell! --GilPe (Diskussioun) 16:20, 24. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Ech gleewe kaum datt op Zeechnunge vu Verkéierschëlter kann e Copyright sinn. Et ass ëmmer nëmmen eng Copie vun deem wat de Memorial seet an dat ass alles am Domaine public. --Les Meloures (Diskussioun) 22:05, 24. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Ech wollt sécher sinn an hat beim MDDI nogefrot, wou ech elo confirméiert krut dat „d'Stroosseschëlter am arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 (...) stinn an dëse fräi zougänglech fir all Citoyen ass, sou dierft et kee Problem sinn dës Schëlder ob enger Plate-forme wéi Wikipedia ze verëffentlechen“. Wat fir eng Lizenz muss ech beim Eroplueden uginn? Gëtt et eng Schabloun? --GilPe (Diskussioun) 20:28, 4. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Moien,

Ech hat just op déi Diskussioun hiweise wëllen - déi ass um gudde Wee fir laang ze ginn a mam Risiko, datt dach um Enn näischt derbäi eraus erkënnt.

Déi wou Dir Iech d'Méi ginn hutt fir ze fotograféieren an eropzelueden hunn eigentlech schonn e kloren Numm - ob se lo "A,1b panneau (gauche).JPG" oder "Luxembourg A,1b panneau (gauche).JPG" heesche mecht menger Meenung no d'Bëtschel och net fett.

Trotzdeem, da just pour info, den Numm kinnt esou geännert ginn: {{rename|Luxembourg A,1b panneau (gauche).JPG|3|full despeciption oder esou eppes}}, Woubäi déi "3" eigentlech alles seet: "Accurate name". Déi Schabloun misst da bei all Fichier dra gesat ginn an dann och nach, am Fall wou se entzwouch op enger Wikipedia benotzt gëtt, do den neien Numm dra setzen - eng Heedenaarbecht... Commons:Template:Rename

Fir op de Säiten den neie Fichiersnumm ze setzen geet warscheinlech och hei: Commons:User_talk:CommonsDelinker/commands#Requests_relating_to_renamed_files, mä wa se nëmenn op der lb:wiki benotzt ginn ass dat wuel plus ou moins deen nämlechten Opwand.

Zur d'Kategorie - ech mengen "Verkéierschëlter" sollt op Commons an der Category:Road signs in Luxembourg opgoen an doran d'Schëlter an Ënnerkategorie gesat ginn. Dovu ginn et der jo schon e puer. D'Kategorien "Category:Road signs in Germany", "Category:Road signs in France" etc gi sécher Iddië fir dat ze maachen. --Jwh (Diskussioun) 21:33, 24. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen dëse Samsten: änneren

Wikipedia:De Staminee#Gebongt. 't wier flott, Du kéinns och kommen.--Zinneke (Diskussioun) 14:31, 11. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Moien, Merci fir d'Invitatioun. Ech hat dat um Staminee gelies, wousst awer net, fir wien deen "Happening" geduecht ass. Et ass esou, datt mir zoufälleg dëse Samschdeg (am spéiden Nomëtteg) e klengt Familljeniessen um Juegdschlass hunn... Ech kommen net fir d'Mëttegiessen, mä eventuell am Nomëtteg kuerz laanscht, wann dat OK ass. --GilPe (Diskussioun) 18:11, 11. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren
Ech hat e Samschdeg Mëtteg d'Kéier net méi kritt; wéi ech géint halwer 6 um Juegdschlass war, war Dir schonns fort... vläicht klappt et eng aner Kéier. --GilPe (Diskussioun) 20:47, 16. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren
Moien, jo se haten eis erausgehäit, net well mir ze vill gebläert hätten, mä well se den Dësch gebraucht hunn. D'nächste Kéier klappt et sécher. --Jwh (Diskussioun) 21:11, 16. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Eng Fro, änneren

op déi Dir sécher d'Äntwërt wësst: Op dësem Schëld:

 

verstinn ech den ieweschten Deel, mä wat heescht PR 44,0 ?
Merci! --Jwh (Diskussioun) 17:33, 29. Jun. 2014 (UTC)Äntweren

Moien,
PR heescht "point de repère"; e gëtt ë.a. vun Ponts & Chaussées gebraucht fir e geneeë Punkt um Verlaf vun enger Strooss unzeginn; ech weess awer leider net wou een eraus fënnt wou z.B. den PR 44,0 op der N10 ass.
Weider Informatiounen ginn et am franséische Wiki: Point de repère. --GilPe (Diskussioun) 21:08, 29. Jun. 2014 (UTC)Äntweren
Flott, Merci fir d'Äntwërt. --Jwh (Diskussioun) 21:15, 29. Jun. 2014 (UTC)Äntweren
Moien, et brauch ee jo net méi erauszefanne wou de Point de repère ass. Wann ee virum Schëld steet, dann ass ee jo derbäi. Deejéinegen deen d'Photo gemach huet weess je sécher wo dat war an ass sécher amstand, wann et onbedingt muss sinn d'Koordinaten derbäizesetzen. An dësem Fall net wichteg. Et ass nomalerweis dat wat fréier och PK (Point kilométrique) genannt gouf --91.180.211.150 06:21, 2. Jul. 2014 (UTC)Äntweren
Moien, meng Bemierkung war éischter an deem Sënn ze verstoen, datt wann z.B. eng Strooss gespaart ass tëschtent dem P.R. 44,5 an 46,0 datt ech net weess wou datt genee ass, resp. ech net weess wou ech dat erausfanne kann. --GilPe (Diskussioun) 06:45, 2. Jul. 2014 (UTC)Äntweren
An deem Fall kann een nëmmen nach just Prezisioune kréien, bei deem deen d'Informatioun ginn huet. Op den topographesche Kaarte fënnt een och anscheinend keng Kilometerpunkte méi. --91.180.211.150 07:36, 2. Jul. 2014 (UTC)Äntweren

Ah bon, de PR 44.0 ass also do wou d'Schëld steet? De Pfeil weisst d'Richtung wou dann dee mat der nächst héierer Zuel steet? --Jwh (Diskussioun) 08:07, 2. Jul. 2014 (UTC)Äntweren

Majerus änneren

Moie GilPe,

ech fäerten, ech kann net weiderhëllefen: Alles wat ech zu deem Thema weess (resp. zu deem ech Literatur hunn) ass dat wat ech als Quell uginn hat: dem Evy Friedrich seng Kalennerblieder... Dat goung duer, fir en Ufank ze maachenm ma well do keng weider Quelle dra stinn, ass ee séier um Enn. An d'Geschicht vun der Eisebunn ass keen Thema, wou ech mech soss grouss auskenne géif. Setz deng Fro vläit op d'Diskussiounssäit vum Artikel selwer, do ass d'Chance méi grouss, dass eng Kéier een, dee méi weess wéi ech, se gesäit a väit d'Äntwert weess.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:26, 1. Dez. 2014 (UTC)Äntweren

Merci Zinneke,
Ech loossen et einstweilen emol dobäi... --GilPe (Diskussioun) 20:12, 2. Dez. 2014 (UTC)Äntweren
Et bestoungen effektiv nom Krich vun 1871 Pläng (a warscheinlech och scho virdrun) fir en Uschloss un d'Saarland, woufir zu Gréiwemaacher eng Eisebunnsbréck sollt gebaut ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:36, 2. Dez. 2014 (UTC)Äntweren

Waassertierm änneren

Moien,

Kuck vläicht eng Kéier an d'Diskussioun vun de Waassertierm

An da gëtt et nach deen hei  .


  --Les Meloures (Diskussioun) 09:05, 17. Jan. 2015 (UTC)Äntweren

Waassertuerm Lampertsbierg änneren

Moien,

Ech hu gesinn, dir hutt an der Lëscht vun de Waassertierm zu Lëtzebuerg de Behältervolume vum Waassertuerm um Lampertsbierg mat 1.500 m³ agedroen. Dat schéngt mer fir esou en alen Tuerm relativ onwarscheinlech ze sinn. Ech froe mech ob net villäicht just eng Null ze vill an der Zuel ass. Kënnt der dat w.e.g. emol nokucken. Merci. --MMFE (Diskussioun) 13:40, 1. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Gudden Owend,
Jo, dat schéngt z.B. mam Tuerm um Tubishaff verglach relativ vill; déi Zuel vun 1.500 m³ steet awer esou am Rapport d’activités 2014 (S. 5) vum Stater Waasser-Service[1]. Ech kéint mer virstellen, datt et sech ëm de Volumen handelt vum Waassertuerm, zesumme mam Erdbehälter doniewent. Froen dat awer emol bei Geleeënheet bei der Gemeng no. Merci fir den Hiwäis. --GilPe (Diskussioun) 20:12, 1. Abr. 2015 (UTC)Äntweren
Moien och, et ass doutsécher de Baseng am Buedem deen do gemengt ass, well d'Cote ass déi vum Terrain op där Plaz.
Sou wäit wéi ech dat matkritt hunn war am Tuerm selwer ni Waasser dra gewiescht. Ass déi Info glafwierdeg --Les Meloures (Diskussioun) 20:24, 1. Abr. 2015 (UTC)Äntweren
D'Vermutung vum Les Meloures war scho richteg; op Nofro beim Stater Waasserwierk krut ech dat esou confirméiert. Den Artikel gouf à jour gesat. Merci. --GilPe (Diskussioun) 01:09, 29. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Buslinnen änneren

Moie GilPe, ech gesinn, du schaffs un de Stater Buslinnen. Just als eng kleng Virwarnung: Ech hu gelies, dass dee ganze Stater Reseau wéinst den Aarbechten um Aldrénger nei oraniséiert gëtt. Vläit wëlls de mat de Schabloune waarden, bis dat an e puer Wochen (?) a Kraaft ass, fir der onnëtz Aarbecht z'espueren. Bescht gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 10:21, 8. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Ech hu mech emol e bësse mat Infoboxe beschäftegt a wollt dat bei de Buslinne probéieren. Merci fir „d'Warnung“ wat d'Ännerungen ugeet... ech hunn dat matkritt.  ;-) --GilPe (Diskussioun) 10:39, 8. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Vollekshaus (Stad Lëtzebuerg) änneren

Moien, eng kuerz Fro zu deem Artikel, wou s de schroufs, dat Gebai op der Foto géif Enn 2014 ofgerappt ginn. Ech huelen un, dat ass an der Tëschenzäit geschitt, mee 't weess ee jo ni (cf. Hamilius). Well ech selwer wäit ewech vun der Stad wunnen: Kinnts de evtl. nokucken/confirméieren, dass dat de Fall war, an den Artikel deementspriechend upassen? Merci am viraus! --Zinneke (Diskussioun) 10:20, 27. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Moien: Wann ech dat richteg verstanen hun soll et net ewechgerappt ginn, mä komplett sanéiert an ugepasst. Et gouf mol op jiddwer Fall am Juli 2014 en Appel d'offres dofir gemaach. dans le cadre de la rénovation et mise en conformité énergétique du complexe administratif Carrefour I+II, 16-18, boulevard Royal à Luxembourg comprenant ...etc. --Les Meloures (Diskussioun) 10:36, 27. Abr. 2015 (UTC)Äntweren

Infobox änneren

Salut GilPe,

Lo misst et erëm goen, ech hat vergiess en Zeechen z'änneren. --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 17. Aug. 2015 (UTC)Äntweren

Referenzen änneren

  1. Conférence de presse, Services des eaux et de la canalisation

Ché Serra, Serra? änneren

Moien, vläit weess Du eppes méi dozou? Merci, an e schéine Weekend!--Zinneke (Diskussioun) 15:21, 31. Okt. 2015 (UTC)Äntweren

Neipuertsgaass änneren

Salut, mengs de net e wier gutt deen Deel aus dem Artikel Neipaart erauszehuelen an e sonneren Artikel unzleeën. --Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 19. Nov. 2015 (UTC)Äntweren

Jo, firwat net. Wéi ech un der Neipuertsgaass geschafft hunn, gouf et schon a gesonnerten Abschnitt iwwer d'Avenue op der Säit "Nei Paart", ech hat dunn d'Infobox do bäi gesat. --GilPe (Diskussioun) 08:50, 19. Nov. 2015 (UTC)Äntweren
OK, ech huelen dat dann emol do eraus, du kanns da vläicht nach eng Kéier kuerz driwwer kucken --Les Meloures (Diskussioun) 09:01, 19. Nov. 2015 (UTC)Äntweren

Jasmännchen änneren

just zur Info :   --Les Meloures (Diskussioun) 17:55, 26. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Foto; hätt warscheinlech net derno gesicht... --GilPe (Diskussioun) 14:14, 27. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes änneren

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:44, 12. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Pëtzerhiel änneren

Salut,

Ech hu gesinn dass de Pëtzerhiel an d'Lëscht vun den Uerschaften a Lieu-diten gesat hues. Pëtzerhiel ass awer menger Meenung no kee Lieu-dit mä nëmmen e Flouernumm wéi vill anerer, wa mer déi all an d'Lëscht ophuele gi mer ni fäerdeg. Et sief dann du hues eng speziell Ursaach .... --MMFE (Diskussioun) 14:13, 3. Sep. 2016 (UTC)Äntweren

Moien, Nee keng direkt Ursaach, hat gemengt et géif dohinner passen, ma Du hues awer Recht, et ass éiscter e Flouernumm. Ech kucken an den nächsten Deeg fir dat "riicht ze béien". Merci --GilPe (Diskussioun) 18:45, 7. Sep. 2016 (UTC)Äntweren

Request änneren

Salut/Moie GilPe,

Kënnt Dir mir hëllefen dësem Text an Lëtzebuergesch iwwersetze?:

"Denn Gott hat die Menschen so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn für sie hergab. Jeder, der an ihn glaubt, wird nicht zugrunde gehen, sondern das ewige Leben haben."

wann ech benotzen maschinn iwwersetzung, ech kréien:

"Well Gott gär sou d'Welt, datt hien säin eenzege Jong huet, Leit Jiddereen, deen un hie gleeft, net verluer geet, mee éiwegt Liewen hunn."
"Fir Gott gär sou d'Welt, datt hien säin eenzege Jong huet, dass deen un hie gleeft, net verluer soll mee éiwegt Liewen hunn."

Är Hëllef gegraff wier, merci. --DaveZ123 (Diskussioun) 07:10, 28. Sep. 2016 (UTC)Äntweren

Moien,
Dëst misst de Sënn em Beschten erëm ginn:
Well Gott hat d’ Mënsche sou gär, datt hie säin eenzege Jong fir si hierginn huet. Jiddereen deen un hie gleeft, wäert net zegrond goen, mee en éiwegt Liewen hunn.

--GilPe (Diskussioun) 12:11, 28. Sep. 2016 (UTC)Äntweren

Dankbarkeet änneren

 
Ganz vill merci fir Är excellent Iwwersetzung Hëlleffor!
Ech ganz ganz dankbar.
Kann Gott dir préschenbe!
Mat frëndleche Gréiss, --DaveZ123 (Diskussioun) 08:15, 29. Sep. 2016 (UTC)Äntweren

Infobox zesummegefall änneren

Salut GilPe,

D'Infobox ass zesummegefall well de Bot seng Aarbecht am Fong richteg gemaach huet. An der Këscht war en Tag-feeler, an zwar de <small> war net richteg zougemaach. Dofir huet de bot en zweemol ersat amplaz mat der duebeler Klamer zouzemaachen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:59, 29. Aug. 2017 (UTC)Äntweren


Infobox Buslinn änneren

Moien ech hunn deng Infobox moderniséiert. E Beispill wéi et ausgesäit kanns du hei gesinn: AVL-Linn_1. (Déi déi net méi richteg ausgesinn wäert ech natierlech flécken). D'Faarf kanns du ännere bei headerstyle =. Hei kanns du en neie Faarfcode sichen [1]. Am Ament gouf de selwechte Faarfstil wéi bei Mobiliteit.lu geholl. Wann s du Tippen hues wat ee kéint ännere so mer Bescheed. --Soued031 (Diskussioun) 08:45, 27. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Salut, wann een den Titel (Terminus 1, Terminus 2, ...) an der Faarw vun der Linn wëll maachen, da brauch een alleng fir d'AVL-Linnen, 5 oder 6 verschidden Infoboxen. --GilPe (Diskussioun) 17:16, 27. Sep. 2017 (UTC)Äntweren
Moien, wann s du wëlls kann ech dat gär maachen du muss mer just soen: wat fir en Terminus wéi eng Faarf huet. --Soued031 (Diskussioun) 17:23, 27. Sep. 2017 (UTC)Äntweren
Ah ok du wëlls eng fir RGTR, AVL asw...?

Request about translation: 'United Nations General Assembly Resolution 68/262' änneren

Hello dear GilPe, saw your wonderful contribution in Luxembourgish Wikipedia. According to the subject I would like to ask you translate/help to translate the small article into Luxembourgish, and add it to the Wikipedia. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!

Salut, ech hunn deem Jengi mol geschriwwen e soll ophalen d'Leit mat sengen Iwwersetzungsdemanden ze nerven. Dat geet lo schonn ee Strapp ze laang. --Les Meloures (Diskussioun) 12:30, 3. Nov. 2017 (UTC)Äntweren
Salut,
Ass der opgefall datt bei der RGTR-Linn 303 de Pictogramm net ugewise gëtt. --Melouresbot (Diskussioun) 12:50, 14. Jan. 2018 (UTC)Äntweren

File:Luxembourg road sign C,4b Kirchberg.jpg änneren

Salut,

Wat menge se mat der Kroun um Auto? Fir den Haff verbueden? ;-) --Jwh (Diskussioun) 12:13, 16. Abr. 2018 (UTC)Äntweren

Dat ass eng Copie vum Schëld C3I : Le signal C,3l indique que l’accès est interdit aux conducteurs de véhicules transportant des produits explosifs ou facilement inflammables. Un panneau additionnel peut indiquer la quantité de produit(s) à partir de laquelle l’interdiction s’applique. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 16. Abr. 2018 (UTC)Äntweren

Ah bon, Merci! Nach e schéinen Nomëtten! --Jwh (Diskussioun) 13:43, 16. Abr. 2018 (UTC)Äntweren

Autonoomt Gefier änneren

Moien, Du bass am gaangen um Artikel Autonoomt Gefier ze schaffen. Bei mir am Cours huet de Benotzer:Zago79 am Juni och esou en Artikel virbereet. Gär kanns du déi virbereeten Elementer vu him huelen an se an den Artikel abauen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:24, 16. Sep. 2018 (UTC)Äntweren

Cool. Merci. GilPe (Diskussioun) 08:53, 16. Sep. 2018 (UTC)Äntweren

Eurovëlo änneren

Salut GilPe,

Ass et der schonn opgefall datt op den Open Streetmaps d'Raccorden net iwwweral stëmmen. Gëtt et vläicht nach aner Kaarten? --Les Meloures (Diskussioun) 18:30, 7. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Merci fir den Hiwäis; nee, war mer nach net opgefall. Ech hunn awer keng aner Kaart fonnt wou een esou wäit erazoome kann. Déi op eurovelo ass jiddefalls wäit net esou detailléiert. Vläicht fannen ech nach eng besser... GilPe (Diskussioun) 18:57, 7. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Schëld E, 8a änneren

Salut Gilpe,

An dësem Artikel Schëld E, 8a klappt eppes net. Ech wollt net dra piddele goen.

--Les Meloures (Diskussioun) 20:53, 8. Sep. 2019 (UTC)Äntweren

As gefléckt, Merci. Hat vergiess den alen Text ze läschen. ;-) GilPe (Diskussioun) 21:01, 8. Sep. 2019 (UTC)Äntweren

Nei Infobox Buslinn änneren

Brauchs du zoufälleg Hëllef? Soued031 (Diskussioun) 07:44, 9. Nov. 2019 (UTC)Äntweren

Ass gemaach :) Soued031 (Diskussioun) 09:50, 10. Nov. 2019 (UTC)Äntweren

HD änneren

Salut, just eng kleng Info: Planéiten an Exoplanéiten hunn näischt mam Henry-Draper-Katalog ze dinn. Deen ass just fir Stären. --Les Meloures (Diskussioun) 16:59, 18. Dez. 2019 (UTC)Äntweren

Merci. Ech weess, ech woe mech hei op dënnt Äis... et ass guer net mäi Gebitt. Leider huet eise Spezialist vun der Astronomie eis verlooss. GilPe (Diskussioun) 17:09, 18. Dez. 2019 (UTC)Äntweren
Ass jo kee Problem. Ech hunn iwwregens d'Infobox fir Planéiten ugeluecht, vläicht nach net perfekt awer dat meescht ass dran. Se ass nach net dokumentéiert awer se steet schonn am 51 Pegasi b. --Les Meloures (Diskussioun) 17:17, 18. Dez. 2019 (UTC)Äntweren
Salut, Ech hunn der eng kleng Mail geschéckt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:24, 5. Jan. 2020 (UTC)Äntweren

Infobox Zuchstreck änneren

Du hues iergendwou duebel Argumenter an der neier Këscht agebastelt --Les Meloures (Diskussioun) 12:40, 7. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

Jo, hu gesinn... hunn de Feeler awer nach net entdeckt :-( GilPe (Diskussioun) 12:42, 7. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Merci dem Les Meloures an dem Soued031 beim Flécke vun der Schabloun. GilPe (Diskussioun) 21:42, 7. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

Salut ech hunn d'Eisebunnsstrck Lëtzebuerg-Péiteng geläscht well hu schonn een Artikel iwwer déi Streck --Les Meloures (Diskussioun) 09:56, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

OK, gesinn... Merci. Sollt een déi Säit déi besteet (Eisebunnsstreck Péiteng-Lëtzebuerg) net ëmnennen op Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Péiteng, well all déi aner Strecken och vu Lëtzebuerg aus fort ginn an och de Kilometrage vu Lëtzebuerg aus fort geet? GilPe (Diskussioun) 15:22, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Dach, mee do sinn am historesche Kontext Erklärungen néideg. Mer hunn nach net genee erausfonnt wéini d'Kilometragen ëmgedréint goufen, mee et war no 2016. De Kadaster huet z. B. nach déi al do stoen an op verschiddene Plazen am DRR stinn och nach déi al. Ech hu scho mam Soued driwwer geschwat. Vläicht wësse mer mar méi an da réckelen ech den Artikel a maachen déi Ännerungen am Text. --Les Meloures (Diskussioun) 15:49, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Jo, dat mécht Sënn. GilPe (Diskussioun) 16:50, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
An der Këscht steet Gefäll. Ech proposéieren dat a Steigung z'änneren. D'Gefäll, also Biergoffueren ass op der Bunn kee sou wichtegen technesche Critère. Et ass u sech dat selwecht, wann ee seet, do wou ech biergof fueren, muss ech och biergop fueren (wat och net onbedingt fir all Streck de Fall ass). Mä et ass d'Biergopfuere wat ëmmer Suerge gemaach huet. --Les Meloures (Diskussioun) 16:11, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Ech hunn dat an der Këscht g'ännert. GilPe (Diskussioun) 16:50, 8. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren


Salut GilPe
Ech mengen et feelen nach zwou wichteg Saachen an der Këscht an zwar Spuerbreet an d'Gleiser. Les Meloures (Diskussioun) 13:48, 9. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren
Merci. Ech hunn d'Spuerbreet, Streckentyp (een- oder duebelgleiseg) an d'Fuerrichtung (riets, lénks) bäigesat. GilPe (Diskussioun) 16:13, 9. Mäe. 2020 (UTC)Äntweren

Fichier:Luxembourg, Rue Sigefroi - Um Bock.jpg änneren

Hi! You uploaded this photo as fair use. Fair use is only allowed if the photo is in use and non-free files may not be used in user galleries. But I doubt the sign is copyrighted so you could add a free license. --MGA73 (Diskussioun) 12:20, 9. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Hi MGA73,
Thanks for telling me. I now noticed that I uploaded the picture to lb.wikipedia instead of commons. I added the correct license, but could not move it to commons. Could you move it? Same for File:Luxembourg, rue Sigefroi, Um Bock - nom de rue.jpg. Thank you. GilPe (Diskussioun) 15:11, 9. Abr. 2020 (UTC)Äntweren
Yes it is moved to Commons now. I could only find one file to move. Would you like me to move another file? --MGA73 (Diskussioun) 15:18, 9. Abr. 2020 (UTC)Äntweren
Everything is fine. Thank you. I was confused ;-) GilPe (Diskussioun) 15:35, 9. Abr. 2020 (UTC)Äntweren

Just eng Fro änneren

Firwat hues bei Pegel keen normale Redirect gemaach? Huet dat eventuell net funktionnéiert? --Les Meloures (Diskussioun) 15:56, 10. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Peegel hat virdrun e REDIRECT op Pegel. Dowéinst hunn ech den Text bei Pegel geläscht a bei Peegel akopéiert. Wär et och anescht gaangen?GilPe (Diskussioun) 06:54, 11. Sep. 2020 (UTC)Äntweren


Has de probéiert fir ze réckelen? Ass dat net gaangen? --Les Meloures (Diskussioun) 06:40, 13. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Nee, hat ech net. Well dat wär jo e REDIRECT op e REDIRECT ginn. Technesch gouf et kee Problem, eventuell just mënschlech. GilPe (Diskussioun) 07:29, 13. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Ah ok, de Probleem ass nämlech wann een dat sou mécht, datt dann d'Weiderleedung op Wikidata net gemaach gëtt. Wann s de lo an den Artikel Pegel kucke geess da geséis do eng rout Zeil déi seet der datt Viruleedung op Wikidata net gemaach gouf. Et kënnt allerdéngs mol vir datt et och technesch e Probleem ass (dofir meng Fro), an datt dann en Admin gebraucht gëtt fir de Redirect ze forcéieren. Wann dat eng Kéier de Fall ass net zécken an einfach froen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:40, 13. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
Well dat wär jo e REDIRECT op e REDIRECT
Do hues de eng falsch Meenung dat gëtt kee Redirect op e Redirect. Deen een iwwerschreift den aneren. --Les Meloures (Diskussioun) 07:42, 13. Sep. 2020 (UTC)Äntweren
OK, merci. Alt nees eppes bäigeléiert. GilPe (Diskussioun) 07:52, 13. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

We sent you an e-mail änneren

Hello GilPe,

Really sorry for the inconvenience. This is a gentle note to request that you check your email. We sent you a message titled "The Community Insights survey is coming!". If you have questions, email surveys@wikimedia.org.

You can see my explanation here.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 18:52, 25. Sep. 2020 (UTC)Äntweren

Fabréck <> Fabrick änneren

Salut,

Firwat ass d'Fabréck lo net méi gut. Mer hunn ons jorelaang geplot fir déi méi lëtzebuergesch Variant ze halen. Muss lo alles op déi teutonesch geännert ginn. ? --Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 13. Feb. 2021 (UTC)Äntweren

PS Déi Roboter huer ausserdeem e Koup kleng Schreifweisen op Grousser geännert. Et geet eeben nach ëmmer net alles vollautomatesch. --Les Meloures (Diskussioun) 19:35, 13. Feb. 2021 (UTC)Äntweren
Moien,
Ech hunn un Artikelen vu Klinicke geschafft an duerno Klinik op Klinick verbessert, sou wéi dat och ënnert dem Punkt „Duebel geschriwwene Konsonant“ op der Projetssäit ernimmt ass. Am selwechte Kapitel steet och Fabrik Fabrick . Dat hunn ech dunn och g'ännert an an der Etapp duerno déi verschidde Variante Fabrék / Fabréck op d'Haaptwuert aus dem LOD Fabrick g'ännert. Wann ech de Roboter net richteg am Grëff hat, kucken ech fir dat an den éischte Deeg riicht ze béien. GilPe (Diskussioun) 21:33, 13. Feb. 2021 (UTC)Äntweren
Et ass just Schued datt den Asaz fir déi méi lëtzebuergesch Schreifweis vun anere Wikipedianer wéinst engem LOD deen nach laang net iwwerall richteg tickt (wat s du ënner anerem och selwer scho méi wéi eng Kéier gemierkt hues, a lo rezent de Christian Ries beim Wëllkar och nees) soll zum Onwwe gemaach ginn. Et wier gutt wa bei sou groussen Ännerungen déi wierklech net sou eendeiteg sinn d'Communautéit sollt informéiert ginn. Et wier durfir och flott wann s de géifs an den Artikele wou de Roboter Dommheete gemaach huet einfach op déi fréier Editioun mat lëtzebuergescher Schreifweis géifs zrécksetzen. Merci am Viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 09:06, 14. Feb. 2021 (UTC)Äntweren
Ech hunn elo déi „falsch Verbesserungen“ an den zwéin Artikele riicht gebéit, déi ech fonnt hunn. Hoffen, ech hunn näischt iwwersinn.
Och aner Ännerunge si gemaach ginn, ouni dat grouss an der Communautéit „unzefroen“. Sou ass ë. a. Gen op Geen, Phenomen op Phenomeen, Thema op Theema geréckelt ginn, also op d'Haaptvariant wéi den LOD se ugëtt. Wann deem engem déi „teutonesch“ an dem aneren déi frankofon Versioun besser gefält, ass jidderengem seng Saach. Ass et net awer esou, wéi de Zinneke kierzlech hei geschriwwen huet: „Effektiv si mir hei just 'Gebraucher' vun der Schreifweis, wéi se vun deenen zoustännegen Autoritéite festgeluecht goufen (…)“. GilPe (Diskussioun) 21:17, 15. Feb. 2021 (UTC)Äntweren


D'Accord. Mä wa mer de Choix hunn tëscht enger Schreifweis déi méi Lëtzebuergesch kléngt an enger déi däitsch kléngt solle mer menger Meenung no déi huelen déi méi Lëtzebuergesch kléngt. Dat huet näischt mat frankophon ze dinn. Et war jo net ëmsoss datt vun 120 Artikelen et der iwwer Honnert mat Fabréck gouf. Ech verbesseren dann déi aner nach déi s de net méi erëmfënns. --Les Meloures (Diskussioun) 21:42, 15. Feb. 2021 (UTC)Äntweren

Kategorie Fligeraccidenter änneren

Salut, Fligeren déi am Krich erofgeschoss goufen gehéiere net an sou eng Kategorie. Dat si jo keng Accidenter.--Les Meloures (Diskussioun) 09:19, 11. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

OK. An der Rei. GilPe (Diskussioun) 09:30, 11. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

Biller änneren

Salut,

D'Méiglechkeet Bild a Bild héich ass geduecht fir entweder dat een oder dat anert ze benotzen an net déi 2 mateneen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:02, 15. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

OK, dann huele ech eent ewech ;-) GilPe (Diskussioun) 17:10, 15. Mäe. 2021 (UTC)Äntweren

Meta Brams änneren

Salut,

Du has do eng Kategorie nockucken dragesat déi ofgelaf ass. Gëtt déi verlängert? --Les Meloures (Diskussioun) 10:11, 4. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Merci fir den Hiwäis; gouf elo aktualiséiert. GilPe (Diskussioun) 20:25, 8. Abr. 2021 (UTC)Äntweren

Aly Doerfel änneren

Mer hunn een Artikel Ally Doerfel wéi et richteg soll sinn, an een Aly Doerfel deen s du, nodeems e gereckelt gi war, am Redirect nees ugeluecht hues. Wat war de Sënn vun där Aktioun. --Les Meloures (Diskussioun) 15:02, 26. Mee 2021 (UTC)Äntweren

Dat ass schonn eng Zäitchen hier, ech ka mech net méi am Detail erënneren, ech hu wuel en falsch Manipulatioun geraacht… Kanns du dat wgl riicht béien ;-) MERCI GilPe (Diskussioun) 17:16, 26. Mee 2021 (UTC)Äntweren

Gemeng Bous änneren

Salut

Kuck mol wgl. an déi Gemeng. Do huet eppes mat denger Automatiséierung net funktioneirt. --Les Meloures (Diskussioun) 20:01, 28. Mee 2021 (UTC)Äntweren

Moien. Jo, ech gesinn, de Kanton gouf am Text net méi automatesch ugewisen. Ech hunn dat dunn op Wikidata nees verbessert. Duerno hunn ech gesinn, datt et nach an enger ganzer Rei Gemengen (wann net esouguer iwwerall) net méi funktionéiert. Du hues nämlech eng Ännerung gemaach: Ausso ewechgeholl: Verwaltungseenheet (P131). Och wann de Kanton net onbedéngt eng Verwaltungseenheet wéi eng Gemeng ass, sou ass et awer eng administrativ Ënnerdeelung, mä ausser Verwaltungseenheet (P131) schéngt et op Wikidata näischt ze ginn wat passt… GilPe (Diskussioun) 13:00, 29. Mee 2021 (UTC)Äntweren
Salut Gilpe
Ech hunn de Kanton als Verwaltungseenheet erausgeholl, well et keng ass. Et ass och keng administrativ Ënnerdeelung vun iergendenger Verwaltung, héchstens eng historesch territorial, wéi z. B. bei de Pompjeeën . A souguer wann et fir verschidde Saachen eng administrativ Ënnerdeelung sollt sinn da kann een et do gebrauchen, awer net do wou s'et net ass. De Kanton war ni eng Verwaltungseenheet an der administrativer Hierarchie vun de Gemengen. Iwwer de Gemenge stounge just Distrikter, an déi si jo lo och ofgeschaaft. Dat heescht wann eng Verwaltungseenheet sollt do stoen da wier et den Inneministère a soss näischt. Wann een d'Wikidata benotzt fir Këschten opzefëllen oder aner Automatismen ze maachen da muss ee kucke fir déi richteg Proprietéit ze fannen a wann et keng gëtt da mécht een deen Automatissem eeben net oder et freet een eng Proprietéit un, déi passt. Du muss der bewosst sinn dat sou Aussoen eventuell och an aner Wikien net mam Label Kanton wéi béi ons gebraucht ginn an da mengt do jiddwereen et wier wierklech eng Verwaltungseenheet. Mer hate schonn eng Kéier bei enger Geleeënheet iwwer de korrekt Gebrauch vun de Wikidata geschwat, wou en änleche Problem war, wou s de och sou eng Ersatzléisung gebraucht hues.
Ech froe mech doriwwer eraus, ob ausser datt s du dat wollts automatiséieren, doduerch eng Plus-value fir de Lieser entsteet, well aarbechtsméisseg ass et fir den Auteur vun engem Artikel grad sou, wann net méi einfach fir Kanton Réimech amplaz vu wikidata|property|linked|P131 ze schreiwen. Amplaz de Kanton an de Wikidata nees asetzen ze goen soll en einfach am Text vun den Artikelen agesat ginn.
Lo war ech et deen de Kanton erausgeholl huet, mä muer kann et anere sinn dee mierkt datt déi Informatioun falsch ass, an dann hëlt deen et nees eraus an dann hu mer an onsen Artikelen nees deselwechte Misär. Du muss der bewosst sinn datt d'Wikidata an éischter Linn geduecht sinn fir Informatiounen ze kollektionéieren, an net fir se distribuéieren. Déi Distributioun ass an engem gewësse Sënn just en Offallprodukt an dofir fënnt een eeben net alles mondgerecht do. Wa jiddweree géif denke wéi s du, a sech op de Wikidata d'Bezeechnunge fir säi perséinleche Gebrauch an de Këschten, ouni Rücksicht op d'korrekt Definitioun vun der Proprietéit géif afëlle goen, da géif dat e schéine Kuddelmuddel ginn.
Mat beschte Gréiss --Les Meloures (Diskussioun) 11:19, 30. Mee 2021 (UTC)Äntweren
Ech géing net Wikidata-Donnéeën am WikiText benotzen ausser et geet drëm d'Populatioun z. B. unzeweisen (e Wäert deen dacks ännert). Wat d'Afëlle vun der Proprietéit P131 ugeet (Verwaltungseenheet) et däerf een op kee Fall de Sënn vun Proprietéit änneren a mat eppes aneres afëllen soss ginn d'Roboteren déi d'Wikidata afëlle guer net méi eens. --Soued031 (Diskussioun) 11:58, 30. Mee 2021 (UTC)Äntweren

OK, notéiert. Ech probéiere mech drun ze halen. GilPe (Diskussioun) 21:12, 31. Mee 2021 (UTC)Äntweren

Lourdesgrott Haler änneren

Salut Gilpe, se kéint menger Meenung no souguer eventuell an der Äerenzdallgemeng sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 21:19, 7. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Merci; dat fanne mer dann eraus wa mer d'Koordinate bis hunn ;-) GilPe (Diskussioun) 19:21, 8. Dez. 2021 (UTC)Äntweren


Bundeskanzler änneren

Salut,

Kuck mol wgl. do Fred Sinowatz.

Hoffen datt den Automat net nach méi där Béck geschoss huet --Les Meloures (Diskussioun) 14:44, 10. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Dat schéngt deen eenzege gewiescht ze sinn… d'Ännerungen haten alleguer +32 oder +64 Zeechen, just beim Sinowatz waren et der +66, also zwéin zevill ;-). Merci awer. GilPe (Diskussioun) 15:11, 10. Dez. 2021 (UTC)Äntweren

Stefania Turkewich änneren

Hello GilPe, When you have time, could you take a look at the English article: en: Stefania Turkewich? Stefania was the first woman composer of classical music in Ukraine. Would you be able to give this article a start, in the Luxembourgish language Wikipedia, with an introductory sentence or paragraph for the «CEE Spring 2022» Wikipedia project? Thank you. Nicola Mitchell (Diskussioun) 21:21, 4. Mee 2022 (UTC)Äntweren

A few files without a license änneren

Hi! A few of your files are in Kategorie:Wikipedia:Biller ouni Lizenz. Could you have a look? --MGA73 (Diskussioun) 13:45, 17. Jul. 2022 (UTC)Äntweren

Hi @MGA73.
Thanks, I've added the licenses. The two remaining files were not uploaded by me. Regards, GilPe (Diskussioun) 14:32, 17. Jul. 2022 (UTC)Äntweren
Perfect! Thanks a million! --MGA73 (Diskussioun) 16:07, 17. Jul. 2022 (UTC)Äntweren


Merci fir d'Verbesserung bei der Sekundärbunn. Do hat ech awer guer net gutt opgepasst. :-( --Les Meloures (Diskussioun) 13:35, 21. Mäe. 2023 (UTC)Äntweren

méinen - méins - méint - geméint änneren

Den LOD behandelt déi zwee gläichwäerteg. En huet keng Haaptvariant. --2A02:A03F:A199:6C00:856A:9D5F:8974:9906 17:23, 6. Jan. 2024 (UTC)Äntweren

Gudde Moien och,
Den LOD schreift bei méinen: „Variant vun méien
Bei méien steet näischt derbäi, sou datt dat - am mengem Versteesdemech - d'Haaptweurt ass, och wann dat net explizitt derbäi steet; deemno méien - méis - méit - geméit.
GilPe (Diskussioun) 10:14, 7. Jan. 2024 (UTC)Äntweren
Bei meien steet ënnen op der Säit ënner Kuckt och Variant:méinen --2A02:A03F:A199:6C00:856A:9D5F:8974:9906 10:22, 7. Jan. 2024 (UTC)Äntweren
Okee, hat ech effektiv net gesinn. Mä déi Informatioun weist jo op eng Variant hin… GilPe (Diskussioun) 10:26, 7. Jan. 2024 (UTC)Äntweren
Bei där anerer steet Variant vu méien dat weist jo och op eng Variant hin. Ass jo zimmlech réciproque oder net. :-)
Menger Meenung no gesäit den LOD eng vu senge Varianten nëmmen als Haaptvariant un wann en net op déi aner zeréckverweist. Ech mengen dat gouf schonn eng Kéier entzwousch an enger Diskussioun gesot an ech hat deemools och e Beispill gesinn, wees awer lo net méi wou. --Les Meloures (Diskussioun) 10:43, 7. Jan. 2024 (UTC)Äntweren
Gudde Mëtteg,
Op meng Nofro beim LOD ass hei hir Äntwert zu de Varianten:
(…) zu Ärer Fro zu de Varianteschreiwungen am LOD.

Dir hutt et richteg erkannt, datt mer anescht verweisen, jee nodeems ob mer d'Haaptvariant oder d'Niewevariant beschreiwen (d. h. bei der Haaptvariant verweise mer mat engem „Kuckt och“ a bei der Niewevariant gëtt „Variant vun“ gewisen).  Allerdéngs heescht dat net, datt déi eng Form méi richteg oder falsch ass ewéi déi aner. Fir Är Fro méi genee kënnen ze beäntweren, musse mer fir d'éischt tëschent zwou Zorte vu Varianten ënnerscheeden:
1) Varianten, déi anescht ausgeschwat ginn: zënter/zanter
2) orthografesch Varianten: extreem/extrem

Beim éischte Fall ass et am Prinzip de Critère vun der Heefegkeet, deen decidéiert, ob eng Variant am LOD Haapt- oder Niewevariant gëtt. Dir kënnt awer esouwuel déi eng ewéi déi aner Form benotzen, jee no Preferenz.

Am zweete Fall entspriechen d'Schreifweisen am LOD den offiziellen Orthografiesreegelen, woubäi déi integréiert (lëtzebuergesch) Schreifweis meeschtens d'Haaptvariant ass. Och an dësem Fall si béid Forme richteg. D'Preferenz gëtt am LOD awer op d'Haaptvariant geluecht.

Bei Friemwierder kann et och virkommen, datt eng orthografesch Variant mat der Zäit ganz verschwënnt. Dëst wier zum Beispill denkbar bei der Grafie extrem, well de laangen e op Lëtzebuergesch an der betounter Silb am Prinzip ëmmer verduebelt gëtt an an dësem Fall déi nativ Form aus dem Däitsche mat engem e ganz kéint verschwannen.

Schéinen Dag, GilPe (Diskussioun) 11:27, 12. Jan. 2024 (UTC)Äntweren

Flott, dann hu mer lo eppes wou mer ons kënnen upaken. --Les Meloures (Diskussioun) 17:37, 12. Jan. 2024 (UTC)Äntweren

Bild änneren

 

Salut GilPe,

Ech menge bei dësem Bild stëmmt eppes a senger Beschreiwung net. Misst do net en direction Est stoen amplaz Ouest. --Les Meloures (Diskussioun) 20:47, 10. Feb. 2024 (UTC)Äntweren

Jo, effektiv; ech hunn et verbessert. Merci! | GilPe (Diskussioun) 07:44, 11. Feb. 2024 (UTC)Äntweren

Wikisource änneren

Hello, I've seen that you are one of the few contributors of wikisource in luxembourg. I don't know this language but I follow projects in minority languages. If I make some language mistake, please correct me, as you prefere.--Mizardellorsa (Diskussioun) 17:40, 28. Mäe. 2024 (UTC)Äntweren