Avenue Gaston-Diderich

lëtzebuergesch Stross

D'Avenue Gaston Diderich ass eng Strooss um Belair an der Stad Lëtzebuerg. Se fänkt beim Boulevard Grande-Duchesse Charlotte un a verleeft dann a Richtung Weste bis bei de Märeler Kierfecht an der Rue des Aubépines.

Avenue Gaston Diderich
Numm lb: Dauvelt[1]
fr: Avenue Gaston Diderich
Fréieren Numm fr: Rue Belair
de: Prinz Eugenstraße
Längt ca. 1.568 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Belair
Postcode 1420
Koordinaten 49° 36’ 36.4’’ N
      06° 06’ 24.4’’ O
Genannt no Gaston Diderich

D'Strooss déi 1913 nach Dauwelterwee geheescht huet, gouf méi spéit d'Rue Belair a schlussendlech 1947 nom fréiere Stater Buergermeeschter Gaston Diderich benannt, deen dat Joer virdru gestuerwe war. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet se „Prinz Eugenstraße” geheescht[2].

Am westlechen Deel vun der Avenue, do wou d'Strooss vis-à-vis vun der Rue d'Oradour e liichte Bou mécht, stoung fréier am Feld de Gaalge vun der Stad[3]. Dorop zeréckzeféieren ass de Flouernumm Gaalgebierg deen haut nach op der Kadasterkaart agedroen ass.

D'Haiser op Nummer 42-44 a 50A goufen den 21.9.2007, resp. de 26. 1.2015, op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Gebaier änneren

Laanscht d'Avenue leien ë. a. dës Gebaier:

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Avenue Gaston Diderich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg City Tourist Office, Toponoymie luxembourgeoise, „Plan Ville et environs“, 9e édition, 1999
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32
  3. Evamaria Bange, 2011. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen - Die Galgen der Stadt Luxemburg Ons stad 98: 48