Rue Mercier (Stad Lëtzebuerg)

Strooss an der Stad Lëzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Rue Mercier ass eng Strooss am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Rue du Commerce a Richtung Süd-Südwest, mécht dann eng 90-Grad-Kéier no riets, fir dann a west-nordwestlecher Richtung bis bei d'Rue du Fort-Wedell ze goen.

Rue Mercier
Numm fr: Rue Mercier
Fréieren Numm de: Bernkasteler Straße
(1940-1945)
Längt ca. 180 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 2144
Koordinaten 49° 35’ 55.5’’ N
      06° 07’ 50’’ O

Si gouf no der Champagner-Mark Mercier genannt, déi do eng grouss Kellerei hat, fir Schampes ze produzéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mercier (Champagner).

Ënnert der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich housch se Bernkasteler Straße.[1]

Gebaier änneren

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Mercier (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Guy May: "Die Straßenbezeichnungen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944)." in: ons stad 71 (2002), S.30-32.
  2. POST Luxembourg baut ihren zukünftigen Unternehmenssitz im Bahnhofsviertel der Stadt Luxemburg - News et Communiqués - POST Group. www.postgroup.lu. Gekuckt de(n) 24.08.2023.