Rue Génistre

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg

D'Rue Génistre[1] (Lantergässel(chen)) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft als Verlängerung vun der Rue de la Poste, vum nord-ëstlechen Eck vun der Plëss bis op de Roude Pëtz.

Rue Génistre
Lëtzeb. Numm Lantergässelchen,
Lantergässel
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1623
Koordinaten 49°36'41,80"N, 6°7'50,20"O
Morphologie
Längt 100 m
Héicht i. M. 306 m
Geschicht
Genannt 16. Mee 1925
Genannt no Claude de Genetaire

Geschicht änneren

Den Numm vun der Strooss gëtt ofgeleet vum loutrengeschen[2],[3] Infanterie-Colonel a Gouverneur vun Arel Claude de Genetaire (* 1624; † 17. November 1681). Hien hat en Haus, do wou haut den Zerkel steet[2].

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Génistre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. och nach an der Schreifweis Genistre ze fannen; dem Registre national des adresses no an och um offizielle Plang vun der Stad Lëtzebuerg ass de richtegen Numm awer Génistre
  2. 2,0 2,1 Evy Friedrich 1982. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 11: 27
  3. an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg (archives-vdl.lu) steet et wär e spuenesche Colonel gewiescht (cf rue Genistre; gekuckt den 23. Februar 2020)