D'Rue Joseph Heintz ass eng Sakgaass am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft als Verlängerung vun der Rue Adolphe-Fischer vun der Hollerecher Strooss a südlecher Richtung bis bei d'Privatstrooss Rue de l'Industrie.

Rue Joseph Heintz
Numm fr: Rue Joseph Heintz
Fréieren Numm fr: Rue Fanny
Längt ca. 130 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gare
Postcode 1722
Koordinaten 49° 35’ 51.4’’ N
      06° 07’ 40.8’’ O
Genannt no Joseph Heintz

Geschicht änneren

D'Strooss déi nach am Ufank vum 20. Joerhonnert „Rue Fanny“ geheescht huet[1], ass 1925 nom lëtzebuergeschen Industrielle Joseph Heintz benannt ginn, deen do 1897 d'Tubaksfabréck Heintz Van Landewyck opgemaach hat, nodeems déi virdunn hir Atelieren ë. a. an der Groussgaass an an der Biedergaass hat.

Den Odonym „Rue Joseph Heintz“ huet virdunn déi haiteg Rue de la Semois bezeechent[2].

Gebaier änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Joseph-Heintz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
  2. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11