Rue Munster
D'Rue Munster (am Lëtzebuerger Sproochgebrauch: Mënstergaass) ass eng Strooss am Gronn an der Stad Lëtzebuerg.
Numm |
lb: Mënstergaass fr: Rue Munster |
---|---|
Fréieren Numm | de: Hospizstraße |
Längt | ca. 210 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gronn |
Postcode | 2160 |
Koordinaten |
49° 36’ 34.3’’ N 06° 08’ 08.6’’ O |
Si huet hiren Ufank Op der Schmëdd, leeft iwwer d'Grënnesch Uelzechtbréck, dréint dann a Richtung Norden a féiert weider bis bei den Agank vun Neimënster.
Geschicht
ännerenD'Gaass, déi bei dat aalt Klouschter gefouert huet, huet am 14. a 15. Joerhonnert Schelmergasse geheescht, als Uspillung dorop, datt den Henker hei gewunnt huet.[Source?] „Schelmer“ kënnt aus dem Mëttelhéichdäitschen an housch esouvill wéi doudege Kierper[1]. Am 17. an 18. Joerhonnert, war et d'Henkeschgaass (nach ëmmer als Uspillung op den Henker) an duerno d'Hospizstraße mat Referenz op den Hospiz am Gebai, an deem méi spéit de Fraeprisong dra war.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hospice Saint-Jean.
Den Odonym Rue Munster deen d'Strooss duerno krut, ass zeréckzeféieren op d'Benediktinerabtei Neimënster déi an der Mëtt vum 16. Joerhonnert do gegrënnt gouf.
Um Enn vum 18. Joerhonnert huet de Bäcker Adam Bastien am Haus 16 gewunnt. Wéi d'Abtei Neimënster 1796 vun de franséische Revolutionäre sekulariséiert gouf, huet hien dem Jang de Blannen seng Schanken an enger Grott hannert sengem Haus verstoppt, ier se méi spéit op Mettlach transportéiert goufen.[2]
Biller
änneren-
Den Naturmusée an der Mënstergaass.
-
D'Haus 8...
-
an d'Haiser 13-17 op der Lëscht vun den nationale Monumenter.
-
D'Gebaier an der Mënstergaass, lénks d'Abtei Neimënster.
Literatur
änneren- Hanck, Josef (J.H.), 1942. Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt. Luxemburger Wort vum 10. Dezember 1942, S. 3.
- Beck, Henri & Friedrich, Evy, 1988. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. Ons Stad 28/1988: 25.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Rue Munster – Biller, Videoen oder Audiodateien |