Rue de Stavelot (Stad Lëtzebuerg)

lëtzebuergesch Stross

D'Rue de Stavelot ass eng Strooss déi vu Weimeschkierch aus tëscht der Uelzecht an der Eisebunn erduerch bis op de Sichenhaff am Pafendall féiert.

Rue de Stavelot
Numm lb: Antunsgässel
fr: Rue de Stavelot
Fréieren Numm fr: Antonsgasse
de: Stablostraße
Längt ca. 870 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall, Weimeschkierch
Postcode 2553
Koordinaten 49° 37’ 27.8’’ N
      06° 07’ 55.6’’ O

Bis 1930 huet d'Strooss Antonsgasse geheescht[1], vu wou och de Lëtzebuerger Gebrauchsnumm Antunsgässel[2] hierkënnt.

Den Numm kënnt vun der belscher Stad Stavelot; ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Stablostraße”[3], nom däitschen Numm vun dëser Stad.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue de Stavelot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Beck F. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 77, 2004: 37
  2. Luxembourg City Tourist Office, Toponoymie luxembourgeoise, „Plan Ville et environs“, 9e édition, 1999
  3. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.