Rue des Trois-Glands
D'Rue des Trois Glands ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg. Als Säitestrooss vun der Rue Vauban am Pafendall verleeft se op der Héicht vum Concertssall vum Sang a Klang als Sakgaass a Richtung Osten, ënnert dem Viaduc Dräi Eechelen erduerch, bis bei d'Gréngewald-Paart. Um Wupp vun der Strooss gi Bëschweeër weider op de Kierchbierger Plateau bei d'Dräi Eechelen an de MUDAM. Virun der Paart stinn déi fréier Gebaier vum Proviantmagaséng vun der Festung Lëtzebuerg.
![]() | |
Numm |
lb: (An der) Hiel fr: Rue des Trois Glands |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Rue du Grünewald (bis 1925)[1] |
Längt | ca. 215 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 1629 |
Koordinaten |
49° 36’ 56.2’’ N 06° 08’ 05.6’’ O |
D'Strooss ass nom fréiere Fort Thüngen benannt, deen am Volleksmond „Dräi Eechele“ genannt gëtt.
Duerch d'Hiel goung de Kiem dee vum Fëschmaart op Tréier gefouert huet. Dëse gouf 1732 ofgedroe well en duerch seng héich Lag eng natierlech Protectioun fir eventuel Envahisseure gebueden hätt.
BillerÄnneren
De Viaduc Dräi Eechelen iwwer der Hiel
Gebuertshaus vum Henri Pensis (an der Mëtt)
Um SpaweckÄnneren
Commons: Rue des Trois-Glands – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
- ↑ Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt den 28. Oktober 2015