Rue du Saint-Esprit

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg


D'Rue du Saint-Esprit, op lëtzebuergesch Helleg-Geescht-Strooss, och nach Am Hellege-Geescht[1] an am nërdlechen Deel Hossegässel genannt, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se geet vum Boulevard Roosevelt aus a Richtung Oste fort, dréint dann a Richtung Norden, leeft laanscht de Stater Musée a mécht dann a Kéier Richtung Oste fir am Breedewee erauszekommen.

Rue du Saint-Esprit
Lëtzeb. Numm Helleg-Geescht-Strooss, Hossegässel
Ënnerhal vu(n) Stad Lëtzebuerg (Verwaltung)
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Uewerstad
Postcode 1728
Koordinaten 49°36'35,93"N, 6°8'0,49"O
Morphologie
Längt 370 m
Héicht i. M. 298 m
Geschicht
Genannt no Hellege Geescht
Fréieren Numm Knodlerloch, Frevelgasse, Juffrengaass, Heiliggeiststrasse

De südlechen Deel vun der Strooss, vum haitege Hellege-Geescht-Plateau iwwer d'Clairefontaine-Plaz bis an den Ufank vun der Ënneschtgaass gouf op Pläng eng Zäit laang als Knodlerloch gefouert[2].

Den Numm Hossegässel kënnt vun engem Haus dat um Eck mam Breedewee louch an enger Famill Hoss gehéiert huet.

Ursprénglech huet d'Strooss awer Frewl- oder Freuwelgasse[3] geheescht, vum däitsche Fräulein, an ass deemno och Juffrengaass oder Jufferngasss genannt ginn[2][4]. Bis 1850 bestoung den offiziellen Numm Hossegässel, deen dunn a Rue de la Montagne (Bergstraße) geännert ginn ass[5]. Den Odonym Rue du Saint-Esprit gouf de 16. Mee 1925 agefouert[5].

GeschichtÄnneren

D'Strooss huet hiren Numm vun engem Klouschter dat zu Éiere vum Hellege Geescht am Joer 1234 vun der Gräfin Ermesinde do an der Géigend gegrënnt gi war an an deem jonk adeleg Fraen opgeholl goufen, fir no de Reegele vun der Béisserin Maria Magdalena ze liewen. D'Klouschter stoung do, wou uganks vum 17. Joerhonnert den Ale Kolléisch gebaut gouf.

Am Joer 1264 hunn d'Uerdensschwëstere manner strikt Reegelen ugeholl an hunn d'Klouschter op de Fielsvirspronk iwwert dem Péitrussdall verluecht, déi Plaz, déi haut als Helleg-Geescht-Plateau bekannt ass. Ënnert dem Louis XIV. hunn si 1690 / 1691 de Plateau misse verloossen, well de Vauban déi Plaz fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht huet. Se sinn dunn an hiert neit Gebai an der Muerbelsstrooss am Pafendall erageplënnert, an dat Gebai, dat méi spéit den Zivilhospiz gouf.

Deen Deel wou se ursprénglech gewunnt hunn, huet awer bis haut den Numm Hellege Geescht behalen, och wann – nodeems d'Klouschter an de Pafendall geplënnert war - kuerzzäiteg vum Alen Hellege Geescht geschwat gouf.

GebaierÄnneren

 
E réimeschen Déiererelief um Haus Nr 12

Am Ufank vun der Strooss, op der rietser Säit, läit laanscht de Boulevard Roosevelt déi fréier Kavallerieskasär, déi an den 2000er Jore mat an d'Cité judiciaire abezu gouf. Am Deel tëscht de Staatsarchiven an dem Lëtzebuerg City Museum leie verschidde Gebaier, déi ë. a. vu staatleche Verwaltungen oder politesche Parteie gebraucht ginn.

Rietserhand (Haus Nr 4) war d’Haus vum Däitschen Uerden, deen an der Mëtt vum 13. Joerhonnert vun Tréier aus op Lëtzebuerg koum. Méi spéit war am Uerdenshaus e Spidol dat der Hl. Elisabeth geweit war (Elisabethsspidol)[6]. Den Haff nërdlech vum Haus grad wéi dat Haus uewendriwwer hunn och zum däitschen Uerdenshaus gehéiert[7]. Méi spéit war d’Dounesdirektioun am Gebai. Hautdesdaags ass et d’Sekretariat vun der Fraktioun vun déi gréng.

Op Nr 10 steet dat fréiert Haus vum Grof de Custine de Wiltz (Wëlzer Haus), an deem eng Zäit laang d’Léierinnen-Normalschoul dra war, haut ass et d’Direktioun vun der Administration des bâtiments publics.

Uewenzeg vum Wëlzer Haus, géintiwwer vun der Gaflung mat der Clairefontaine-Plaz, ass en Haus (aktuell Nr 12) op deem sengem Eck e réimesche Relief an der Fassad ze gesinn ass. Der Vollekszielung vu 1688 no, huet an deem Haus e gewëssene Conseiller Aldringen gewunnt. 1794 gëtt et ënnert de Militärlogementer als Haus vum Här vu Biber opgezielt[2].

D'Gebaier 12 a 14 gehéieren haut zum Lëtzebuerg City Museum. De Musée besteet aus engem Ensembel vu véier ale Biergerhaiser aus dem 17. bis 19. Joerhonnert, déi restauréiert an deelweis ëmgebaut goufen. D'Haaptgebai war vu 1732 bis 1797 de Refuge vun der Abtei Orval, a vun 1903 bis 1994 de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Deen Deel vun der Strooss, vum Wëlzer Haus, laanscht de Musée, bis op den Eck vum Krautmaart huet fréier zur Rue de la Trinité gehéiert, déi haut an hirem westlechen Deel d’Rue de la Congrégation ass.

HossegässelÄnneren

An der Hossegässel, dem leschten Deel vun der Strooss, läit nërdlech vum Muséeeshaff eng Haiserzeil (Haus Nr 24) déi der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert an als Annexe vum Musée am Gaang ass(Abrëll 2020) restauréiert ze ginn. Et huet sech ursprénglech ëm d'Haiser 22 a 24 gehandelt, déi uganks de Barongen d'Anethan an duerno dem Antoine Pescatore gehéiert hunn, ier se an de Besëtz vun der Gemeng koumen[8].

Lénks nieft dem Haus 37 féiert eng privat Trap erop, déi an der Waassergaass eraus kënnt. Bis an den 1980er Joren war dës Trap ëffentlech zougänglech. Um Plang vum 1582 ass se als "Verbindungsstrooss" agedroen[4].

Um SpaweckÄnneren

Commons: Rue du Saint-Esprit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. René Weyrich, Am Hellege Geescht an: Ons Stad Nr 40/1992, S. 32-33
  2. 2,0 2,1 2,2 Plan partiel de la ville de Luxembourg vum 8. Oktober 1691 an: Hémecht : Festschrift zur Feier des 30jährigen Bestehens des Vereins : 1894-1924, S. 146
  3. och: Frevl- oder Freuvelgasse
  4. 4,0 4,1 Hémecht : Festschrift zur Feier des 30jährigen Bestehens des Vereins : 1894-1924, Extrait du plan Louis Guicciardini publié en 1582, Planche V, S. 16 (31)
  5. 5,0 5,1 Rue du Saint-Esprit op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; Numéro Dossier/Régistre 440, gekuckt de 4. Abrëll 2020
  6. Joseph Reuter, Die Deutschherren in Luxemburg an: Hémecht vum 1. Abrëll 1970, S. 186 (56)
  7. Paul Medinger, Historischer Rundgang durch Luxemburg an: Hémecht vum 1. Abrëll 1933, S. 151 (61)
  8. Jean Harpes, Notices historiques - Les maisons de l'ancienne „Hossegässel" et leurs propriétaires an: d'Letzeburger Land vum 9. Januar 1959, S. 5