Rue Vauban
D'Rue Vauban ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Pafendaller Kierch a Richtung Süd-Oste bis un d'Grenz vum Quartier wou se op der Héicht vun der Hondhausbréck an d'Allée Pierre de Mansfeld (Clausen) iwwergeet. Se ass en Deel vum CR218.
![]() | |
Numm |
lb: Vaubansgaass am leschten Deel „Saxebierg“ fr: Rue Vauban |
---|---|
Längt | ca. 440 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Pafendall |
Postcode | 2663 |
Koordinaten |
49° 36’ 52.6’’ N 06° 08’ 03.5’’ O |
Genannt no | Sébastien Le Prestre de Vauban |
![]() |
D'Strooss dréit den Numm vum franséische Generol a Festungsingenieur Sébastien Le Prestre de Vauban.
Gebaier an der Vaubansgaass änneren
- Fréier franséisch Cavaleries-Kasär, an där duerno d'Pafendaller Maternité dra war
- Veräins- a Concertssall vum Sang a Klang
- Sëtz vum Mouvement écologique
Biller änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Rue Vauban (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |