Breedewee (Stad Lëtzebuerg)
De Breedewee, mam offiziellen Numm rue Large, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi vum Fëschmaart erof a Richtung Gronn féiert.
Lëtzeb. Numm | Breedewee |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Stad Lëtzebuerg (Verwaltung) |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Uewerstad |
Koordinaten | 49°36'39,2"N, 6°8'3,8"O |
Morphologie | |
Längt | 175 m |
Héicht i. M. | 293 m |
Geschicht | |
Fréieren Numm | Breitenweg |

D'Haiser Nummer 1, 2, 3, 5, 7, 9, 11, 13, 17, 19, 21 an 23 stinn zanter 1961, resp. 1964 op der Lëscht vum inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter. D'Maison de Cassal, déi an där Strooss ass, ass zanter 1940 als Nationaalt Monument klasséiert[1].
D'Haus Nr. 9 war fréier de Sëtz vum Friddensgeriicht.
De Breedewee hält beim Haus Nummer 23 op an d'Strooss ännert den Numm baussent der Spuenescher Paart a "Grënnerbierg", Montée du Grund, déi da bis an de Gronn féiert. Déi "grued" Säit besteet just aus zwéin Haiser, d'Nummeren 2 a 4.
GeschichtÄnneren
HällÄnneren
Vum Fëschmaart aus fort, gouf den éischten Deel vum Breedewee, grad ewéi en Haus an deem Deel, fréier och alt emol Hell oder Häll genannt. An Dokumenter aus de Joren 1323 an 1356 geet Rieds vun engem Gaart juxta hallam iwwerdeems d'Haus an engem Akt als Helle genannt gouf. Dat Haus war eng Wueren- oder Maarthal vun der Stad a gouf einfach Hal genannt. Aus Hal ((de) Halle) gouf dunn Häll oder Hell ((de) Hölle). Eng Famill déi am 13. Joerhonnert an deem Haus gewunnt huet, krut den Numm de Inferno („aus der Häll“)[2].
BreedeweeÄnneren
Ënnerzeg vum Bou ass den eigentleche Breedewee, dee schonn a Schrëftstécker aus dem 14. Joerhonnert als via lata (= breede Wee) genannt gouf. Vergläicht een de Breedewee z. B. mat der Rue de la Loge, déi just uewendru läit, gesäit een direkt, datt déi méi schmuel ass, wat dann och den Numm vum Breedewee erkläert[2].
BillerÄnneren
Nr. 5: Maison de Cassal.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Breedewee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 17. November 2020).
- ↑ 2,0 2,1 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 1. November 1942, S. 3