Rue de la Grève (Lëtzebuerg)
Strooss an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Rue de la Grève)
D'Rue de la Grève ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Neier Avenue aus no Weste bis bei d'Rue Sainte-Zithe. Op hirer Südsäit sti keng Haiser; do ass de Rousegäertchen.
Numm | fr: Rue de la Grève |
---|---|
Fréieren Numm | bis 1944: rue Lessing |
Längt | ca. 85 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gare |
Postcode | L-1643 |
Koordinaten |
49° 36’ 20,4’’ N 06° 07’ 42.7’’ O |
Den Numm erënnert un de Streik vum 2. September 1942, deen aus Protest géint déi ugekënnegt Rekrutéierung vu Lëzuebuerger Jongen an d'däitsch Arméi ausgeruff gi war. En ass thematesch komplementär zu der Place des Martyrs an der Rue du Plébiscite déi aner Säit.
Geschicht
ännerenD'Strooss gouf mat der Urbaniséierung vum Plateau Bourbon ugeluecht. Si krut den Numm Rue Lessing, nom däitsche Schrëftsteller Gotthold Ephraim Lessing. No der Befreiung 1944, krut si den haitegen Numm.[1]
Gebaier
ännerenBiller
änneren-
Mascaron um Haus Nr.4.
-
Mascaron um Haus Nr.6.
-
D'Südsäit:Entrée vum ënnerierdesche Parking Rousegäertchen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Rue de la Grève (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr. 13/1983, S. 30.