D'Rue Michel Hülsemann ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Nërdlech vum Pafendaller Foussballsterrain geet se vun der Rue Laurent Menager fort a féiert an engem "U" erëm an déi selwecht Strooss zeréck.

Rue Michel Hülsemann
Numm fr: Rue Michel Hülsemann
Längt ca. 80 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 1743
Koordinaten 49° 37’ 23.8’’ N
      06° 07’ 52.8’’ O
Genannt no Michel Hülsemann

Kuriéiserweis huet d'Strooss en eegene Postcode (1743), d'Haiser sinn awer mat fortlafenden Nummere vun der Rue Laurent Menager nummeréiert.

D'Strooss krut den Numm vum Michel Hülsemann, engem Museker, deen am Pafendall gebuer gouf.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Michel-Hülsemann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren