Boulevard Prince-Henri (Stad Lëtzebuerg)
- Element vun der Lëscht mat Punkten
De Boulevard Prince-Henri ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Avenue Jean-Pierre-Pescatore a Richtung Südweste bis bei d'Avenue Marie-Thérèse.
Lëtzeb. Numm | Prënzerénk |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-1724 |
Koordinaten | 49°36'42,4"N, 6°7'27,0"O |
Morphologie | |
Längt | 830 m |
Héicht i. M. | 303 m |
Geschicht | |
Genannt | 21. Juli 1877 |
Genannt no | Henri vun Oranien-Nassau |
D'Strooss ass beim Schleefe vun der Festung ugeluecht ginn[1]. Se krut 1877 hiren Numm als Undenken un de Henri vun Oranien-Nassau (Prënz Hari), deen nom Doud vu sengem Papp, dem Kinnek Wëllem II. vun Holland, 1850 vu sengem Brudder Wëllem III. zum prince-lieutenant vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt gouf[2].
Um Boulevard stinn nëmmen op der lénkser (ongerueder) Säit Haiser, op der aner Säit ass op der ganzer Längt de Stater Park; d'Strooss kräizt ë. a. d'Avenue Amélie vis-à-vis vun där am Park eng Statu vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, der Fra vum Prënz Hari steet.
Gebaier
ännerenBiller
änneren-
De Prënz Hari, no deem de Boulevard genannt gouf
-
Villa um Eck mat der Avenue Amélie
Um Spaweck
ännerenCommons: Boulevard Prince-Henri (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Boulevard du Prince Henri an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg op www.archives-vdl.findbuch.net, gekuckt de 17. Februar 2020
- ↑ Henri Beck, 1994. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 46: 32