D'Rue Mohrfels ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft westlech vun der Uelzecht vun der Bréckergaass laanscht den Hospice civil an d'Muerbelsmillen bis bei de Schluechtwee.

Rue Mohrfels
Numm lb: Lougaass,
Op der Muerbels
fr: Rue Mohrfels
Fréieren Numm fr: Rue des Tanneurs (bis 1925)[1]
Rue Mohrfeltz, Mohrfeltzstrasse[2]
Längt ca. 650 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Pafendall
Postcode 2158
Koordinaten 49° 36’ 51.3’’ N
      06° 07’ 58.7’’ O

Den Numm vun der Strooss geet op d'Bezeechnung "rupes moronis" zeréck[3], eng Mentioun déi een an enger Urkund vun 1384 vun der Abtei Mënster fënnt[Source?]. Als Moirfeltz in Dunbuschel gëtt et eng Referenz an engem Dokument vu 1499[2].

Den éischten Deel, vun der Bréckergaass bis bei de Päerdswee heescht op lëtzebuergesch „Lougaass“. Dësen Numm geet op d'Lou zeréck, déi an de Gierwereie laanscht d'Uelzecht benotzt gouf. Als Referenz op d'Gierwereien huet d'Strooss bis 1925 Rue des Tanneurs geheescht[2]. Den ëstlechen Deel gëtt „Op der Muerbels“ genannt.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue Mohrfels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. 2,0 2,1 2,2 Mohrfels an den Archives Ville de Luxembourg, op archives-vdl.lu, gekuckt de 14. Februar 2020
  3. Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 7. Oktober 1942, S. 3
  4. Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015