Val de Hamm

Strooss an de Quartiere Polvermillen an Hamm vun der Stad Lëtzebuerg

Den Hammer Dällchen[1], offiziell Val de Hamm ass eng Strooss an de Quartiere Polvermillen an Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft op der ganzer Längt iwwer d'Nationalstrooss 2 vun der Polvermillen als Verlängerung vum Boulevard Général Patton a Richtung Nordoste bis bei den Iergäertchen.

Val de Hamm
Am Hammer Dällchen, a Richtung Polvermille gekuckt
Offiziellen Numm Val de Hamm
Ënnerhal vu(n) Administration des ponts et chaussées
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Hamm, Polvermillen
Deel vun Nationalstrooss 2
Postcode 1714
Koordinaten 49°36'50,26"N, 6°9'50,83"O
Morphologie
Längt 2.190 m
Héicht i. M. 307 m
Geschicht

Geschicht änneren

De fréiere Flouernumm „Fetschendall[2]“ ass aus dem allgemenge Sproochgebrauch verschwonnen, och wann de „Fetschenhaff“ nach am Gebrauch ass. Deen Numm gouf ofgeleet vum „Fetschebuer“, enger Quell déi net wäit ewech vun Hamm – am haitegen Äppelwee – entspréngt an eng vun de Quelle vun der Polvermillen ass. Haut geet just nach rieds vum „Hammer Dällchen“, woubäi et sech heibäi ëm e falschen Numm handelt, dee sech iwwer d'Zäit aus dem fréieren „Hammer Ställchen[3][4]“ erginn huet. „Ställchen“ leet sech vum mëttelhoudäitschen „stal“ of, enger Plaz wou d'Waasser sech staut[5].

Aus dem „Hammer Dällchen“ ass 1925 den offiziellen Numm „Val de Hamm“ entstanen[6].

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Val de Hamm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. no der neier Schreifweis vun 2019, soss och alt Hammerdällchen
  2. 1562 als Fetschendal ernimmt
  3. Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? S.31. onsstad.vdl.lu (1983). Gekuckt de(n) 23.05.2021.
  4. am Gesetz vum 20. Dezember 1873 « créant une nouvelle commune du nom de Hamm » geet rieds vun: « Haemmerstellgen »
  5. Fernand Théato, 2006, Fliger iwwer Hamm an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 45-46
  6. Archives Ville de Luxembourg – Numéro Dossier/Régistre 556. www.archives-vdl.findbuch.net (23.05.2021). Gekuckt de(n) 2021-05-23.