Romy Schneider

éisträichesch Schauspillerin

D'Romy Schneider, eigentlech Rosemarie Magdalena Albach, gebuer den 23. September 1938 zu Wien, a gestuerwen den 29. Mee 1982 zu Paräis, war eng däitsch Schauspillerin.

Romy Schneider
Gebuertsnumm Rosemarie Magdalena Albach
Gebuer 23. September 1938
Wien
Gestuerwen 29. Mee 1982
7. Arrondissement
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich, Däitschland, Éisträich
Aktivitéit Filmschauspiller, Theaterschauspiller
Famill
Bestuet mat Harry Meyen, Daniel Biasini
Liewenspartner(in) Alain Delon
Papp Wolf Albach-Retty
Mamm Magda Schneider
Kanner Sarah Biasini
D'Romy Schneider 1971

D'Romy Schneider ass d'Duechter vun de Schauspiller Magda Schneider a Wolf Albach-Retty.

1953 huet si hir éischt Roll am Film Wenn der weiße Flieder wieder blüht gespillt. Mat dem Film Sissi ass hir den Duerchbroch am Kino gelongen. Dëse Film huet se net méi lassgelooss an dat besonnesch an Däitschland. D'Romy Schneider huet misse kämpfe fir deem Stempel vum séisse, brave Meedche lasszeginn.

An Däitschland war hir Karriär Enn vun den 1950er Joren un engem Déifpunkt ukomm. D'Rettung koum aus Frankräich. D'Romy huet bei engem Film den Alain Delon kenne geléiert. Mat deem huet se ënner der Regie vum Luchino Visconti zu Paräis Theater gespillt. Si krut Filmrollen ugebuede vum Visconti (Boccaccio '70) a vum Orson Welles (Le procès).

Mat hirer Karriär goung et da biergop, an a Frankräich huet d'Romy sech zu enger grousser Schauspillerin entwéckelt. Si gouf ee vun de Stare vum franséische Film, dat besonnesch duerch d'Filmer vum Claude Sautet.

Uganks vun den 1980er Joren huet d'Romy sech enger schwéierer Operatioun missen ënnerzéien. Hire Jong ass kuerz duerno duerch en trageschen Accident ëm d'Liewe komm. Vun deene Schicksalsschléi huet si sech net méi erholl, a si ass am jonken Alter vun 43 Joer un Häerzversoe gestuerwen.

Filmer änneren

 
D'Graf vun der Romy Schneider um Kierfecht zu Boissy-sans-Avoir

vun 1953 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1981 änneren

Dokumentarfilmer iwwer d'Romy Schneider änneren

  • Romy Schneider, étrange étrangère (TV) vum Anne Andreu a Francesco Brunacci
  • Romy Porträit eines Gesichtes vum Hans-Jürgen Syberberg

Gielercher änneren

  • 1976: César als bescht Schauspillerin fir L'important c'est d'aimer
  • 1979: César als bescht Schauspillerin fir Une histoire simple
  • 1977: Filmband in Gold fir Gruppenbild mit Dame

Literatur änneren

  • Hans-Jürgen Tast: Romy Schneider - Ein Leben auf Titelseiten Schellerten 2008, ISBN 978-3-88842-036-8.
  • Isabella Giordano: Romy Schneider - Das private Album. Henschel, Berlin 2006, ISBN 3-89487-542-9
  • Michael Jürgs: Der Fall Romy Schneider. List, München 1991, Ullstein, München 2003, ISBN 3-471-77885-3
  • Hildegard Knef: Romy Schneider - Betrachtung eines Lebens. Moewig, Hamburg 2007, ISBN 978-3-86803-100-3
  • Günter Krenn: Romy Schneider. Die Biographie. Aufbau-Verlag, Berlin 2008, ISBN 978-3-351-02662-2
  • Alice Schwarzer: Romy Schneider - Mythos und Leben. Kiepenheuer & Witsch, Köln 1998, ISBN 3-462-02740-9
  • Renate Seydel: Ich, Romy - Tagebuch eines Lebens. Langen-Müller, München 1989, Piper, München 2005, ISBN 3-492-22875-5
  • Michael Töteberg: Romy Schneider. Rowohlt, Reinbek 2009, ISBN 978-3-499-50669-7

Um Spaweck änneren

Commons: Romy Schneider – Biller, Videoen oder Audiodateien