Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Les amours célèbres ass e franséischen Episodefilm vum Michel Boisrond aus dem Joer 1961. Den Titel vum Film ass Programm.

Les amours célèbres
Film
Produktiounsland Frankräich
Première 1961
Dauer 130 min
Faarf Faarweg
  Eastmancolor
Format 2,35:1
Dyaliscope
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Michel Boisrond
Dréibuch France Roche
Pascal Jardin
Françoise Giroud
Paul Gordeaux
Jacques Prévert
Marcel Achard
Michel Audiard
Fotografie Robert Lefebvre
Musek Maurice Jarre
Schnëtt Adrienne Fazan
Dekoren Georges Wakhévitch, Lila de Nobili
Produktiouns-
gesellschaft
Cosmos Film
Générale Européenne de Films-Unidix
Unidex
Schauspiller
Lauzun
Jean-Paul Belmondo als Lauzun
Dany Robin als Mme de Monaco
Philippe Noiret als Louis XIV
Michel Galabru als Champagne
Guy Tréjan
Agnès Laurent als Irène
Pierre Palau als Saint-Simon
Liliane Brousse als Mme de Montespan
Zanie Campan als Marton
Laure Paillette
France Anglade als Lisette
Jenny de Lacour
Simone Signoret als Jenny de Lacour
Pierre Vaneck als René de La Roche
Antoine Bourseiller als Gaudry
François Maistre als Massot
Charles Bouillaud
Lucien Nat
Colette Castel als Louise
Agnès Bernauer
Brigitte Bardot als Agnès Bernauer
Alain Delon als Albert de Bavière
Suzanne Flon als Ursula
Jean-Claude Brialy als Eric Torring
Jacques Dumesnil als Hans
Pierre Brasseur als Grand Duc Ernest
Michel Etcheverry als Gaspard Bernauer
Hubert Noël als Eric
Pierre Massimi als Otto
Paul Amiot
Jacques Monod als Preissing
Constantin Andrieux
Bernard Musson
Les comédiennes
Edwige Feuillère als Mlle Raucourt
Annie Girardot als Mlle Duchesnois
Jean Desailly als Baron Adrien de Jonchère
Pierre Dux als Talma
Marie Laforêt als Mlle Georges
Daniel Ceccaldi als Antonio Villa
Jean Ozenne als Marquis Stanislas
Héléna Manson
Hélène Duc
Robert Lombard
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film besteet aus 4 Episoden:

  • Episod 1: Lauzun

Den Herzog vu Lauzun ass an d'Madamm vu Monaco verléift. De Louis XIV. huet awer och en A op se gehäit a weist enges owes säin treie Champagne u fir d'Damm, déi iwregens d'accord war, bei heen a säi "Privatzëmmer" ze bréngen. De Lauzun kënnt nach mat Zäit zeréck an hënnert de Kinnek drun, säi Plëséier mat der Madamm vu Monaco ze hunn.

  • Episod 2: Jenny de Lacour

Ëm 1880 ass eng héichklasseg Hallefweltlerin, d'Jenny, an e flotte jonke Borscht, de René, verléift. Aus Angscht en ze verléiere well e wierklech e gudde Krack méi jonk war wéi si, denkt se sech eng freeschlech Strategie aus. Si bezillt e Mann fir de René ze blenden, sou datt en als Blanne bei hir bleiwe wäert. D'Interventioun vun engem Polizeicommissaire duerchkräizt dem Jenny säi Plang.

  • Episod 3: Agnès Bernauer

A Bayern verléift sech am 15. Joerhonnert den Herzog Albert vu Wittelsbach an déi schéin Agnès. Hee bestit se heemlech, obwuel hire Papp géint d'Bestietnes war. Den Albert ergräift d'Waffe géint en, mee d'Agnès gëtt entfouert. Schlussendlech gëtt déi jonk Fra wéinst Hexerei zum Doud verurteelt a mat engem Steng ëm den Hals an d'Loch gehäit. Den Albert geet no fir hir ze hëllefen, mee e gëtt zesumme mat hir vun der Stréimung fortgerappt.

  • Episod 4: Les comédiennes

D'Joffer Raucourt, eng bekannten a veréiert Schauspillerin, gouf 1804 vun der Joffer Duchesnois verdrängt. Hir Roserei ass ëmsou méi staark, well hire Freier, de Baron de Jonchère, dem Charme vun hirer Rivalin erleeën ass. D'Joffer Raucourt entdeckt d'Talent vun enger neier Tragédie-Schauspillerin, der Joffer George, déi herno grouss Erfolleger feiere kann.

Um Spaweck änneren