Hanna Schygulla

däitsch Schauspillerin

D'Hanna Schygulla ass eng däitsch Filmschauspillerin. Si ass de 25. Dezember 1943 zu Chorzów a Pole gebuer.

Hanna Schygulla
Gebuer 25. Dezember 1943
Chorzów
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Luisengymnasium München
Aktivitéit Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller
Member vun Deutsche Filmakademie
Famill
Liewenspartner(in) Jean-Claude Carrière
D'Hanna Schygulla, 1982
D'Hanna Schygulla, 2005

D'Hanna Schygulla huet de Rainer Werner Fassbinder an engem Cours fir Schauspiller begéint. Duerno hu si zesummen am Antitheater geschafft.

Bekannt ass si awer ginn duerch d'Filmer déi si ënner dem Rainer Werner Fassbinder senger Regie gedréint huet.

Spéider huet si och mat ville bekannten europäesche Regisseure wéi Jean-Luc Godard, Carlos Saura, Marco Ferreri an Ettore Scola geschafft.

D'Hanna Schygulla trëtt och an de leschte Joren als Interpretin vu Lieder a Chansons op.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1968 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2019 änneren

TV änneren

Gielercher änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hanna Schygulla – Biller, Videoen oder Audiodateien