De Pierre Kast, gebuer den 22. September 1920 zu Paräis a gestuerwen den 20. Oktober 1984 zu Roum, war e franséische Resistenzler, Dréibuchauteur, Filmregisseur an Auteur.

Pierre Kast
Gebuertsnumm Pierre Georges Kast
Gebuer 22. Dezember 1920
10. Arrondissement
Gestuerwen 20. Oktober 1984
Roum
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmkritiker, Regisseur

De Pierre Kast war am Zweete Weltkrich an der franséischer Resistenz engagéiert. Nom Krich war hie vun 1946 bis 1948 Mataarbechter vun der Cinémathèque française. Hien huet och 1950 Filmkriticke fir d'Cahiers du cinéma geschriwwen. Säin éischte Laangspillfilm Amour de poche huet hien am Joer 1957 gedréit.

Filmographie änneren

als Regisseur änneren

De Kast als Auteur änneren

  • Jean Grémillon, 1960.
  • Les vampires de l'Alfama, Roman, 1975.
  • Le bonheur ou le pouvoir, ou Quelques vies imaginaires du prince de Ligne, du cardinal de Bernis, du roi Louis XV et de l'architecte Claude-Nicolas Ledoux, 1980.
  • La mémoire du tyran : treize miroirs pour l'empereur Tibère, 1981.
  • Écrits 1945-1983, 2014.

Um Spaweck änneren