Maurice Ronet

franséische Schauspiller

De Maurice Ronet, gebuer als Maurice Robinet den 13. Abrëll 1927 zu Nice a gestuerwen de 14. Mäerz 1983 zu Paräis, war e franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.

Maurice Ronet
Gebuertsnumm Maurice Julien Marie Robinet
Gebuer 13. Abrëll 1927
Nice
Gestuerwen 14. Mäerz 1983
7. Arrondissement
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Filmregisseur, Filmschauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schauspiller, Regisseur
Member vun Association des amis de Robert Brasillach
Famill
Bestuet mat Maria Pacôme, Josephine Chaplin
Papp Émile Ronet

1957 huet de Louis Malle de Maurice Ronet fir de Film Ascenseur pour l'échafaud engagéiert.1963 huet hien eng vu senge beschte Rollen am Film Le feu follet gespillt erëm ënner der Regie vum Louis Malle.

De Claude Chabrol huet och e puer Filmer mam Ronet als Haaptacteur gedréint sou La ligne de démarcation (1966), Le scandale (1966), La route de Corinthe (1967) a La femme infidèle (1968).

Weider bekannt Filmer mat Ronet sinn Plein soleil (1959) vum René Clément The Victors (1963) vum Carl Foreman, Raphael ou le débauché (1971) vum Michel Deville, Mort d'un pourri (1977) vum Georges Lautner a Beau-père (1981) vum Bertrand Blier.

Als Regisseur huet hien och zwéi Filmer fir de Kino gedréint Le voleur du Tibidabo (1965) a Bartleby (1979).

De Maurice Ronet war zweemol bestuet, Vun 1950 bis 1956 mat dez Schauspillerin Maria Pacôme a vun 1977 bis zu sengem Doud mat der Duechter vum Charlie Chaplin der Schauspillerin Josephine Chaplin.

Filmographie änneren

Kino änneren

als Regisseur änneren

als Schauspiller änneren

1949 bis 1959 änneren

1960 bis 1969 änneren

1970 bis 1979 änneren

1980 bis 1982 änneren

Um Spaweck änneren