2004
Joer
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2000 |
2001 |
2002 |
2003 |
2004
| 2005
| 2006
| 2007
| 2008
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2004.
D'Joer 2004 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
ännerenEuropa
änneren- : 43 Doudeger bei engem Attentat am Metro vu 6. FebruarMoskau.
- 21. Februar: Grënnung vun der Europapartei Europäesch Gréng Partei
- 11. Mäerz: Bommenattentater op 4 Zich a Garen zu Madrid: 192 Doudesaffer a bal 2000 Blesséierter.
- 14. Mäerz: De Wladimir Putin gëtt als russesche President erëmgewielt.
- 15. Mäerz: Dem José Luís Rodríguez Zapatero seng Partei PSOE gewënnt d'Parlamentswalen a Spuenien.
- 29. Mäerz: An Irland gëtt d'Fëmmen an de Pube verbueden.
- 25. Abrëll: E Referendum op Zypern iwwer eng Vereenegung vun der gespléckter Insel geet negativ aus: de griichesche Süden ass majoritär dogéint.
- : D' 1. MeeEuropäesch Unioun vergréissert sech ëm 10 nei Länner: Estland, Lettland, Litauen, Polen, Tschechien, d'Slowakei, Ungarn, Slowenien, Malta an Zypern.
- 23. Mee: Den Horst Köhler gëtt zum däitsche Bundespresident gewielt.
- 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament an de 25 EU-Memberstaaten, geet d'Gauche als Gewënner ervir.
- 18. Juni: Zu Roum eenegen d'EU-Staats- a Regierungscheffen sech iwwer den Traité iwwer eng Constitutioun fir Europa.
- 27. Juni: De De Valdas Adamkus gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Litauen.
- : Den 8. JuliHeinz Fischer gëtt neie Bundespresident an Éisträich.
- 30. Juli: Gasexplosioun zu Ghislenghien an der Belsch: 21 Doudeger, 120 Blesséierter.
- : Dramatesch Befreiungsaktioun zu 3. SeptemberBeslan a Südrussland. Dräi Deeg laang haten tschetschenesch Terroristen iwwer 1.300 Leit, déi meescht vun hinne Kanner, als Geiselen an enger Schoul gefaange gehalen. Ronn 340 Affer sinn ze bekloen.
- 21. November: Kontroverséiert Presidentschaftswalen an der Ukrain.
- 22. November: D'Europäesch Kommissioun mam President José Manuel Barroso hëlt hir Aarbecht op.
- 30. November: D'portugisesch Regierung vum Pedro Santana Lopes demissionéiert.
- 9. Dezember: D'Europäesch Demokratesch Partei gëtt gegrënnt.
- 16. Dezember: D'EU-Staats- a Regierungscheffen decidéieren, vum 3. Oktober 2005 u Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei ze féieren.
Lëtzebuerg
änneren- 11. Februar: Fir d'éischt Kéier zu Lëtzebuerg (an och an der EU) ginn och Zaldoten aus anere EU-Memberstaate als nei Arméi-Rekrute vereedegt.
- : De 1. MeeMarc Fischbach fänkt seng Funktioun als éischte Lëtzebuerger Ombudsmann un.
- 13. Mee: D'Pressegesetz vun 1869 gëtt reforméiert.
- 13. Juni: Bei de Chamberwalen 2004 kritt d'CSV 24 Sëtz (+5), LSAP 14 (+1), DP 10 (-5), déi Gréng 7 (+2), ADR 5 (-2), Déi Lénk/KPL 0 (-1), FPL 0 (-).
- 13. Juni: Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament kritt d'CSV 3 Sëtz (+1), d'LSAP 1 (-1), d'DP an Déi Gréng jee 1 (-) an Déi Lénk, d'KPL an d'ADR 0 (-).
- 31. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn I, eng CSV-LSAP-Koalitiounsregierung, gëtt vereedegt.
- 27. September: De portugisesche Staatspresident Jorge Sampaio ass op Staatsvisitt.
- 19. November: D'Lëtzebuerger Constitutioun gëtt geännert.
-
Zesummesetzung vun der Chamber no de Walen
-
De J.-C. Juncker an de de J. Asselborn, Premier a Vizepremier vun der neier Regierung
Afrika
änneren- 24. Februar: 517 Doudeger bei engem Äerdbiewen a Marokko.
Amerika
änneren- 28. Juni: Wale fir d'Nationalparlament a Kanada. D'Liberal Partei gëtt erëmgewielt, mä huet net d'Majoritéit.
- August/September: Véiermol hannerenee maachen d'Hurricanen an der Karibik an am Südoste vun den USA grouss Schied, Dausende Mënsche kommen (virun allem op Haiti) ëm d'Liewen.
USA
änneren- : Den 2. MäerzJohn Kerry gëtt demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen.
- : De 2. NovemberGeorge W. Bush gëtt als President vun de Vereenegte Staaten erëmgewielt mat 51 zu 49 % vun de Stëmme géint den John Kerry.
Südamerika
änneren- : Feier an engem Akafszentrum zu 1. AugustAsunción a Paraguay, iwwer 400 Doudeger.
- 31. Oktober: Den Tabaré Vázquez gëtt zum President vun Uruguay gewielt.
- 31. Dezember: Bei engem Feier an enger Discothéik zu Buenos Aires stierwen 180 Leit.
Asien
änneren- : De 4. JanuarMikhail Saakashvili gewënnt d'Presidentschaftswalen a Georgien.
- 28. Juni: Den Irak kritt seng Souveränitéit nees zeréck a ka sech, mat Aschränkungen, erëm selwer verwalten.
- 5. Juli: éischt direkt Wal vum President vun Indonesien. Den 2. Tour, den 20. September, gëtt vum Susilo Bambang Yudhoyono gewonnen.
- 20. September: De Susilo Bambang Yudhoyono gëtt zum Staatspresident vun Indonesien gewielt.
- 26. Dezember: Iwwer 285.000 Doudeger bei engem Séibiewen am Indeschen Ozean mat enger Stäerkt vu 9.0 op der Richterskala. Déi meescht Affer sinn duerch d'Tsunamien ëm d'Liewe komm, déi d'Biewe provozéiert hat.
Ozeanien & Pazifik
ännerenArabesch Welt
änneren- 20. Februar: Déi Konservativ gewannen d'Parlamentswalen am Iran.
- 28. Abrëll: Biller aus dem Prisong vun Abu Ghraib gi publizéiert, op deenen irakesch Gefaange vun US-amerikanesche Giischtercher kujenéiert ginn.
- Uechter d'Joer: Bommenattentater am Irak maachen Honnerte vun Affer.
Konscht a Kultur
änneren- 28. Mee: De Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster gëtt ageweit.
Literatur
änneren- Servais-Präis: Claudine Muno fir Frigo.
Kino
änneren- Lord of the Rings - The Return of the Emperor vum Peter Jackson kritt den Oscar fir de beschte Film;
- Fahrenheit 9/11 vum Michael Moore gewënnt d'Gëlle Palm zu Cannes;
- Les invasions barbares vum Denys Arcand kritt de César fir de beschte Film.
Lëtzebuerg
änneren- Visions of Europe, Kompilatiounsfilm vu 25 europäesche Regisseure
- La Revanche vum Andy Bausch.
- Heim ins Reich vum Claude Lahr.
- Der neunte Tag vum Volker Schlöndorff.
Musek
änneren- 12. Mee–15. Mee: D'Ruslana gewënnt fir d'Ukrain mam Lidd Wild Dances den 49. Eurovision Song Contest zu Istanbul.
Wëssenschaft an Technik
änneren- 23. Januar: D'europäesch Sonde Mars Express bréngt de Bewäis, datt et um Mars Waasser gëtt.
- : Lëtzebuerg gëtt Member vun der Europäescher Weltraumagence ( 6. MeeESA).
- 14. Dezember: De Viaduc de Millau, déi héchst Bréck vun der Welt, gëtt ageweit.
Sport
änneren- De Lance Armstrong gewënnt den Tour de France fir d'sechste Kéier (Dësen Titel gëtt him 2012 wéinst Doping oferkannt).
- Griicheland gewënnt d'Foussball-Europameeschterschaft.
- 13. August: D'Spiller vun der XXVIII Olympiad fänken zu Athen un.
Lëtzebuerg
änneren- D'Jeunesse Esch gewënnt de Foussballchampionnat, den F91 Diddeleng d'Coupe de Luxembourg.
- 24. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Jerez la Frontera 2:4 géint d'Färoer Inselen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de René Peters an Daniel Huss geschoss.[1]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:2 géint Bosnien-Herzegowina. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[2]
- 28. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Innsbruck 1:4 géint Éisträich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Daniel Huss geschoss.[3]
- 29. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Agueda 0:3 géint Portugal.[4]
- 18. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bratislava, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 1:3 géint Slowakei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jeff Strasser geschoss.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 4. SeptemberTallinn, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Estland.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 3:4 géint Lettland. D'Goler fir Lëtzebuerg hunn de 8. SeptemberGordon Braun, Fons Leweck a Manuel Cardoni geschoss. Den Eric Hoffmann huet e Selbstgol markéiert.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Russland. 9. Oktober[8]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Liechtenstein.[9]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:5 géint Portugal.[10]
Gebuer
änneren- 21. Juli: Wikipedia op Lëtzebuergesch.
- 23. Juli: Daniel Migliosi, lëtzebuergeschen Trompettist a Komponist.
- 26. Juli: Dilano van 't Hoff, hollänneschen Autoscoureur.
- : 6. AugustJulie Marques Abreu, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 18. August: Ashley Delgado Do Rosario, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
änneren- : 6. JanuarNicolas Mosar, lëtzebuergesche Politiker.
- : 7. JanuarIngrid Thulin, schweedesch Schauspillerin.
- 23. Januar: Helmut Newton, däitsche Fotograf.
- 27. Januar: Marc Lambert, lëtzebuergesche Manager.
- 29. Januar: O.W. Fischer, éisträichesche Schauspiller.
- 30. Januar: Fuad Rouhani, iranesche Regierungsbeamten.
- : 2. FebruarHikitsuchi Michio, japaneschen Aikido-Meeschter.
- Erny Gillen, lëtzebuergeschen Auteur a Resistenzler. 2. Februar:
- : 9. FebruarGerhard Riedmann, éisträichesche Schauspiller.
- 12. Februar: Jean Weyrich, lëtzebuergesche Fotojournalist.
- 13. Februar: François Tavenas, franco-kanadesche Professer an éischte Rekter vun der Université du Luxembourg.
- 14. Februar: Marco Pantani, italieenesche Vëlossportler.
- 19. Februar: Josy Mersch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 4. MäerzClaude Nougaro, franséische Sänger.
- Henri Beck, lëtzebuergesche Jurist a Lokalhistoriker. 4. Mäerz:
- 10. Mäerz: Paul Oster, lëtzebuergeschen Auteur an Dëschtennisspiller.
- 15. Mäerz: Philippe Lemaire, franséische Schauspiller.
- 20. Mäerz: Juliana, Kinnigin vun Holland (1948-1980).
- 21. Mäerz: Jos Durlet, lëtzebuergesche Journalist an Auteur.
- 28. Mäerz: Robert Merle, franséischen Auteur.
- 28. Mäerz: Peter Ustinov, brittesche Schauspiller, Auteur a Regisseur.
- 29. Mäerz: Simone Renant, franséisch Schauspillerin.
- : 1. AbrëllJacques Seiler, franséische Schauspiller an Theaterregisseur.
- : 4. AbrëllAlbéric Schotte, belsche Vëlossportler.
- 24. Abrëll: José Giovanni, franséisch-Schwäizer Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 25. Abrëll: Carl Melles, éisträicheschen Dirigent.
- 27. Abrëll: Jean Devaivre, franséische Resistenzler a Filmregisseur.
- 28. Abrëll: Raymond Arnette, franséische Resistenzler, Paschtouer an Auteur.
- 30. Abrëll: Boris Pergamenschikov, russeschen Cellist.
- 30. Abrëll: Fuad Rouhani, iranesche Regierungsbeamten.
- : 4. MeeLéon Bartimes, Buergermeeschter vu Beefort.
- : 9. MeeFernand Kons, lëtzebuergesche Politiker a Veterinär.
- 10. Mee: Georges Wengler. lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 15. Mee: Robert K. Morgan, US-Amerikanesche Pilot.
- 16. Mee: Marika Rökk, éisträichesch-däitsch Sängerin a Schauspillerin.
- 17. Mee: Tony Randall, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Mee: Carl Raddatz, däitsche Schauspiller.
- 26. Mee: Nikolai Stepanowitsch Tschernych, russeschen Astronom.
- 27. Mee: René Grün, lëtzebuergesche Boxer.
- : 1. JuniEdmond Wagner, lëtzebuergesche Philosophieprofesser, Philosoph an Auteur.
- : 2. JuniNicolaï Ghiaurov, bulgaresche Bass-Sänger.
- : 4. JuniNino Manfredi, italieenesche Schauspiller.
- : 5. JuniRonald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller.
- Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin. 5. Juni:
- : 6. JuniBernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.
- Charles-Marie Ternes, docteur en philosophie et lettres, Professer am Lycée Robert-Schuman. 6. Juni:
- : 7. JuniRoger Matton, kanadesche Komponist.
- : 8. JuniValérie Strecker-Steffen, lëtzebuergesch Hiewan.
- 10. Juni, Ray Charles, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 24. Juni: Marc Zanussi, lëtzebuergesche Politiker.
- 28. Juni: Georges de Caunes, franséische Journalist a Schauspiller.
- 28. Juni: Marcel Jullian, franséischen Auteur, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- : 1. JuliMarlon Brando, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- Paul Beghin, lëtzebuergesche Politiker a Jurist 1. Juli:
- : 9. JuliJean Lefebvre, franséische Schauspiller.
- 11. Juli: Renée Saint-Cyr, franséisch Schauspillerin.
- 13. Juli: Carlos Kleiber, éisträicheschen Dirigent.
- 15. Juli: Willy Klein, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 18. Juli: Inge Meysel, däitsch Schauspillerin.
- 18. Juli: Emile Gretsch, lëtzebuergeschen Dokter a Fechter.
- 18. Juli: Richard Ney, US-amerikanesche Schauspiller.
- 21. Juli: Jerry Goldsmith, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 22. Juli: Serge Reggiani, italieenesch-franséische Schauspiller a Sänger.
- 31. Juli: Laura Betti, italieenesch Schauspillerin.
- : 1. AugustMadeleine Robinson, franséisch Schauspillerin.
- : 3. AugustHenri Cartier-Bresson, franséische Fotograf.
- : 8. AugustFay Wray, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. August: Czesław Miłosz, polnesche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 17. August: Gérard Souzay, franséische Bariton-Sänger.
- 18. August: Elmer Bernstein, US-amerikanesche Komponist an Dirigent.
- 29. August: Hans Vonk, hollänneschen Dirigent.
- 29. August: Marcel Chennaux, lëtzebuergesche Schéisser an Olympionik.
- 30. August: Fred Whipple, US-amerikaneschen Astronom.
- : 3. SeptemberAndré Dumortier, belsche Pianist.
- : 4. SeptemberSerge Marquand, franséische Schauspiller.
- 18. September: Russ Meyer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 21. September: Edmond Lux, lëtzebuergesche Moler.
- 22. September: Nico Weber, lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler.
- 28. September: Christl Cranz, däitsch Alpinschileeferin.
- 29. September: Heinz Wallberg, däitschen Trompettist, Violonist an Dirigent.
- }: 1. OktoberRichard Avedon, US-amerikanesche Fotograf.
- : 3. OktoberJanet Leigh, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 4. OktoberGordon Cooper, US-amerikaneschen Astronaut.
- : 8. OktoberIrina Demick, franséisch / US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. Oktober: Christopher Reeve, US-amerikanesche Schauspiller.
- 11. Oktober: Roland Malet, franséische Schauspiller.
- 21. Oktober: Jean Dondelinger, lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
- 21. Oktober: Jean-Pierre Georg, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 26. Oktober: Patricia Knight, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 1. NovemberAly Bintz, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
- : 2. NovemberGerrie Knetemann, professionellen hollännesche Vëlossportler.
- 11. November: Jassir Arafat, palestinensesche Politiker.
- 11. November: Jacques Dynam, franséische Schauspiller.
- 11. November: Richard Dembo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. November: Helmut Griem, däitsche Schauspiller.
- 26. November: Philippe de Broca, franséische Regisseur.
- : 1. DezemberFathi Arafat, palestinensesche Politiker.
- Bernhard zur Lippe-Biesterfeld, däitschen Adelegen; Prënz-Konsort vun Holland. 1. Dezember:
- : 2. DezemberÉmile Probst, lëtzebuergesche Kënschtler.
- : 3. DezemberMaria Perschy, éisträichesch Schauspillerin.
- : 4. DezemberCarl Esmond, éisträichesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- : 7. DezemberPierre Schmitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik
- 15. Dezember: Sidonie Goossens, brittesch Harfspillerin.
- 18. Dezember: Gernot Duda, däitsche Schauspiller.
- 19. Dezember: Andrée Tainsy, belsch Schauspilerin.
- 28. Dezember: Susan Sontag, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
Um Spaweck
ännerenCommons: 2004 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Färoer Inselen-Lëtzebuerg de 24. Februar 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina den 31. Mäerz 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg den 28. Abrëll 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 29. Mee 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Slowakei-Lëtzebuerg den 18. August 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Estland-Lëtzebuerg de 4. September 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 8. September 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Russland den 9. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Liechtenstein den 13. Oktober 2004 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal de 17. November 2004 op der Websäit vun European Football.info