Michael Lonsdale

franséische Schauspiller

De Michael Lonsdale, gebuer als Michael Edward Lonsdale-Crouch de 24. Mee 1931 zu Paräis an och do gestuerwen den 21. September 2020, war e franséische Schauspiller an Theaterregisseur.[1]

Michael Lonsdale
Gebuertsnumm Michael Edward Lonsdale-Crouch
Pseudonym Alfred de Turri, Michel Lonsdale
Gebuer 24. Mee 1931
16. Arrondissement
Gestuerwen 21. September 2020
7. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schrëftsteller, Theaterregisseur, Moler
De Michael Lonsdale 2014

De Lonsdale huet zu Paräis Schauspill studéiert. Vun 1955 un ass hien als Schauspiller am Theater aktiv. Am Theater huet de Lonsdale mat Regisseure wéi Jean-Louis Barrault a Peter Brook geschafft.

Seng éischt Filmroll krut hien am Joer 1956. Am Kino huet hien a Filmer vu bekannte franséische Filmregisseure wéi François Truffaut, Jean-Pierre Mocky, Marcel Carné, Jacques Rivette, Louis Malle, Alain Resnais a Bertrand Blier matgespillt. International bedeitend Regiseure wéi Orson Welles, Fred Zinnemann, Luis Buñuel, Joseph Losey an John Frankenheimer hunn hien och an hire Filmer engagéiert.

Hien huet och am James Bond Film Moonraker (1979) vum Lewis Gilbert d'Roll vum Hugo Drax dem Géigner vum Bond iwwerholl.

De Lonsdale war bis haut (November 2015) an iwwer 230 Kinos- an TV-Filmer ze gesinn.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1956 bis 1959 änneren

vun 1960 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis …. änneren

Auszeechnungen änneren

  • 2011: César 2011 - César fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll‎ am Film Des hommes et des dieux

Um Spaweck änneren

  1. https://www.rtl.lu/kultur/news/a/1583471.html