Gronn (Stad Lëtzebuerg)

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

De Gronn, och dacks Stadgronn genannt[1], ass eng Kadastersektioun an ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

Gronn
An anere Sproochen fr: Grund
de: Grund
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 1.030
  31.12.2022
Fläch 30,03 ha
Héicht 293,3 m
Koordinaten 49° 36’ 31.8’’ N
      06° 08’ 13.1’’ O
Websäit https://www.vdl.lu/fr/la-ville/en-bref/les-24-quartiers-de-la-ville/grund

Geographie änneren

De Gronn läit an engem Deel vum Uelzechtdall a vum Péitrussdall südëstlech vum Stadzentrum. De Gronn grenzt un d'Stater Quartieren: (am Auerzäresënn) Pafendall, Clausen, Zens, Polvermillen, Bouneweg-Nord, Gare an Uewerstad.

De Gronn huet eng Nord-Süd-Ausdeenung vun 0,78 km an eng Ost-West-Ausdeenung vun 0,91 km. An der Héicht erstreckt sech de Gronn vun 245 m bis 293,3 m[2].

Geschicht änneren

Um Enn vum Fréimëttelalter hu sech um Ufer vun der Uelzecht Handwierker néiergelooss, déi d'Waasser vum Floss gebraucht hu fir schaffen ze kënnen. 1083 huet de Grof Konrad eng Abtei gestëft, d'Abtei Almënster. Zu där Zäit gouf et schonn zwou Kierchen am Uelzechtdall ronderëm de Bockfiels: Sankt-Ulrich, bei der Mëndung vun der Péitruss, a Sankt-Matthäus am Norden, bei der Réimerbréck am Pafendall. D'Kierchtierm kéinte gläichzäiteg Wuechttierm gewiescht sinn, fir den Zougang zum Dall an d'Brécken am A ze halen[3].

Sou huet sech d'Ënnerstad gebilt, déi uganks nach ante portas louch, bis datt s'am 14. Joerhonnert vun der drëtter Stadmauer, déi op de Wenzel II. zeréckgeet an dofir och nach Wenzelsmauer genannt gëtt, protegéiert gouf.

Wéi d'Abtei Almënster am Joer 1543 zerstéiert gouf, sinn d'Benediktiner an de Gronn an den Hospice Saint-Jean geplënnert an hunn do d'Abtei Neimënster gegrënnt, déi no engem Brand am Joer 1684 nees opgebaut gouf an nach haut besteet. Haut ass do de Kulturzentrum Neimënster.

De 26. Juni 1807 huet de Blëtz an de Polvertuerm um Verluerekascht ageschloen. Do waren 11.200 kg Polver, 2.500 Kanounekugelen a Kartusche gelagert déi dee Moment explodéiert sinn. De Stadgronn gouf duerch d'Drockwell am uergste getraff: D'Haiser goufe schwéier beschiedegt a Beem goufen ëmgehäit. 32 Persoune koumen ëm d'Liewen an 120 goufen der schwéier blesséiert, dorënner vill Kanner. De Schued gouf op 1 Millioun Goldfrang geschat[4].

Well vun uganks 19. Joerhonnert bis 1984[5] déi zwéi Prisonge vum Land am Gronn louchen, stoung den Ausdrock "am Gronn sinn" (oder "sëtzen") euphemistesch fir "am Prisong sinn". De Fraeprisong war am Hospice Saint-Jean, dem haitegen Naturmusée, an de Männerprisong war an der Abtei Neimënster.

Vum Haff vun der Cité judiciaire um Helleg-Geescht-Plateau an der Uewerstad kënnt ee mat engem Lift, deen 1987 gebaut gouf, erof an de Gronn.

1994 gouf d'Festung an déi al Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg, dorënner och de Gronn, als eng Plaz vum Weltierwe vun der UNESCO klasséiert.

De Gronn am 21. Joerhonnert änneren

Zwee Kulturhaiser drécken am 21. Joerhonnert der kultureller Offer am Gronn hire Cachet op: de Kulturzenter Neimënster (Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster) an den Nationalmusée fir Naturgeschicht (Naturmusée). Do dernieft ass de Gronn hautdesdaags virun allem fir säin Nuetsliewe beléift mat senge Caféen a Restauranten.

Fräiliichtmanifestatiounen am Gronn änneren

  • Blues 'n' Jazz Rallye[6] am Gronn an a Clausen, zanter 1995 all Joer Enn Juli, eng Zesummenaarbecht vum Blues-Club Lëtzebuerg mat dem LCTO (Luxembourg City Tourist Office) an de Bistroen.
  • Duck Race, eng Course vu 16.000 Platiksinten op der Péitruss[7].
  • Konscht am Gronn[8] ass eng Open-Air-Konschtgalerie, déi zënter 2006 vum Grënner Syndikat op e puer Sonndeger am Joer organiséiert gëtt, woubäi sech maximal 34 Kënschtler op der Bréck an um Parking op der Schmëdd presentéiere kënnen. Op deenen Deeg ass de Stadgronn fir de Verkéier gespaart.

Awunner änneren

Op den 31.12.2022 hunn am Gronn 1.030 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 40,35 % géintiwwer 59,65 % Auslänner[9].

Awunner no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 1 030 100,00
1   Lëtzebuerg 416 40,39
2   Portugal 109 10,58
3   Frankräich 105 10,19
4   Italien 63 6,12
5   Däitschland 24 2,33
6   Vereenegt Kinnekräich 20 1,94
7   Belsch 18 1,75
8   Spuenien 16 1,55
9   Schweden 14 1,36
10   Holland 13 1,26
Top 10 798 77,48
Aner Nationalitéiten 232 22,52

Bekannt Leit aus dem Gronn änneren

Organisatiounen a Verwaltungen änneren

Veräiner a Fondatiounen änneren

Staatlech Verwaltungen änneren

International Organisatiounen änneren

Kuckeswäertes am Gronn änneren

Am Uelzechtdall änneren

Am Péitrussdall änneren

Naturwëssenschaftleches änneren

 
Den Timber vun 1990 mat der 'neier' Wanzenaart

Op der Grenz tëschent der Uewerstad an dem Gronn, op engem vun deenen zwéi Aaschterte vun der Corniche, op der Héicht vun der Maison de Cassal, gouf 1980 eng Wanzenaart fonnt, déi nei fir d'Wëssenschaft war. Den Entdecker, de Léopold Reichling, huet se ënner dem Numm Psallus pseudoplatani Reichling 1984 beschriwwen. De Reegele vun der Zoologie no war dëse Bam de sougenannte locus typicus vun der Aart. Zanter dem Verschwanne vun de Beem existéiert dëse locus typicus net méi. An deene follgende Jore gouf d'Aart op Aaschterten an Hieselter uechter d'Stad fonnt, ë. a. op der Rumm am Gronn[20].

1993 huet déi polnesch Zoologin Wanda Maria Weiner no bei der Uelzecht am Gronn eng nei Proturenaart (Beentaaschter) fir d'Wëssenschaft fonnt, Eosentomon luxembourgense Szeptycki 2001, eng endeemesch Aart fir Lëtzebuerg.

Energie änneren

Am Kader vum Programm fir den Asaz vun erneierbaren Energien huet d'Stad Lëtzebuerg op der Hasteschmillen en 100 kW staarkt Waasserkraaftwierk gebaut, wat am November 2009 a Betrib goung. D'Turbinn steet iwwregens do, wou am 19. Joerhonnert nach Millerieder gedréit hunn, an deckt den Energieverbrauch vun 100 Haiser.

Mobilitéit änneren

De Kéibierg (Tréierer Strooss) ass tëschent den Haiser Nr. 10 an 48 nëmme fir den ëffentleche Verkéier a fir Vëloen zougänglech.

Vëlo änneren

D'Vëlospist PC1, och nach Piste cyclable du centre, féiert an engem Bou ëm d'Stad Lëtzebuerg an huet hiren Ufank an hir Endstatioun am Gronn.

Um Biisserwee Nummer 8 bedreift d'Stad Lëtzebuerg ënnert dem Numm Vélo en Ville e Vëlosatelier, dee Vëloe léint a fléckt[21].

An der Tilleschgaass Nr. 15 huet sech zënter 2019 déi Vëlosreesagentur Velosophie néiergelooss[22].

Ëffentleche Verkéier änneren

D'Buslinn 23 vun der Stad Lëtzebuerg passéiert am Gronn. Do dernieft besteet no beim Gronn Accès op follgend Linnen:

Parkplazen änneren

Nieft den net iwwerdeckte Parkinge kann och nach a follgende Stroosse geparkt ginn: Grënnerbierg, Ënnerpéitruss. Zwéin iwwerdeckt Parkinge leien no beim Gronn: Centre - Saint Esprit (Uewerstad) an Centre - Brasserie (Clausen).

Net iwwerdeckte Parkplazen
Strooss, Plaz Parkplazen Handikapéierte-Parkplazen
Ënnerpéitruss / Rue Saint-Quirin 33 ?
Tilleschgaass / Rue Saint-Ulric 32 ?
Grënner Bréck / Rue Munster 5 1
Rue Sosthène-Weis 2 0
Biisserwee / Bisserweg 12 ?
Biisserwee / Bisserweg 45 ?
Kierch Lëtzebuerg-Stadgronn ? 1
Op der Rumm ? ?

Stroossen am Gronn änneren

Franséischen Numm Lëtzebuergeschen Numm[23]
Bisserweg Biisserwee
Montée de la Pétrusse Péitrussbierg; Ale Berlinerwee[24]
Montée du Grund Grënnerbierg; Gronnbierg
Plateau du Rham Op der Rumm
Rue de Prague Berlinerwee
Rue de Trèves Tréierer Strooss; Kéibierg[25]
Rue du Rham Dinselgaass; Rummbierg
Rue Münster Mënstergässel; Schelmergaass[26]
Rue Plaetis[27] Plaetisgaass
Rue Saint-Quirin Ënnerpéitruss
Rue Saint-Ulric Tilleschgaass
Rue Sosthène-Weis Sosthène-Weis-Strooss; Neie Wee

Plazen am Gronn änneren

Franséischen Numm Lëtzebuergeschen Numm
Place Auguste-Engel Auguste-Engel-Plaz, fréier: Bei der Hasteschmillen
n.a. Op der Schmëdd
Parvis de Neumünster Parvis vun Neimënster

Biller änneren

Filmer, déi (zum Deel) am Gronn gedréit goufen änneren

Kaarte vum Gronn änneren

 
Kaart vum Stadgronn

Literatur änneren

  • Anonym, 1984. Das Vereinsleben in Stadtgrund. ons stad 15: 17. PDF 264 KB
  • Bange, Evamarie, 2006. Das Bürgerhospiz St. Jean im Stadtgrund. ons stad 81: 8-9. PDF 570 KB
  • Beck, Henri, 1995. L'Hospice St.-Jean au Grund. ons stad 50: 2-3. PDF 549 KB
  • Brückler, Raymond & Jos Tontlinger (éd.), 1982. Les Gosses - Ils ont photographié le quartier de Luxembourg-Grund. 55 p. Inter-Actions Faubourgs a.s.b.l., Imprimerie Litho Bourg-Bourger Luxembourg.
  • Clesse, René 1995. Krudelsgaass, Schelmergaass, Spidailsgaass, Mënstergaass... Die bewegte Geschichte von Stadtgrund am Beispiel der Rue Münster. Ons Stad 50: 14-16. PDF 773 Kb
  • Clesse, René, 1996. Wärend der Kriegsjahre 1940-1944: Insgesamt 3.700 politische Häftlinge in Stadtgrund. ons stad 51: 20-21. PDF 414 KB
  • Clesse, René, 1996. Das alte Gefängnis von Stadtgrund. ons stad 51: 19 PDF 368 KB
  • Hoffmann, D., 2016. Mäi Quartier: Das Rham-Plateau - Von Kanonenfeuer bis Gesang. Op www.wort.lu an am Luxemburger Wort vum 5./6. Mäerz 2016, S. 40. (PDF)
  • Höhfeld, Barbara, 1984. Ausflug in den Stadtgrund. ons stad 15: 20-21 PDF 528 KB
  • Kunnert, Jemp, 1984. Stadtgrund — ein Spaziergang gang durch Raum und Zeit. Ons Stad 15: 10-15. PDF 1,9 MB
  • Pauly, M., 1987. Stadtgrund: Menschen und Steine in Gefahr. Forum 98: 3-8. PDF
  • Pauly, Michel, 1989. Ein Schöffe und viele Handwerker. Zur Sozialtopographie von Stadtgrund im späten Mittelalter. In: Am Schiet vun der Festung, Luxemburg, S. 23-26.
  • Reuter, Joseph, ?. In den Gassen von Stadtgrund. In: Livre d'or du centenaire de la fanfare royale grand- ducale Luxembourg-Grund (1852-1952).
  • Théato, Fernand, 2006, De gudde Grond (Stadgronn) an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 88-91
  • Weicherding-Goergen, Blanche, 1981. Ma ville et ses beautés cachées Le pittoresque "Haffchen" du Bisserwé au Stadtgrund. ons stad 07: 14-16. PDF 798 KB
  • Yegles-Becker, Isabelle, 1996. L'abbaye de Neumunster au Grund. ons stad 51: 4-7. PDF 1 MB

Publikatiounen aus dem Gronn änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gronn (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Déi haiteg offiziell Bezeechnung vum Grënner Quartier ass Gronn, cf. topographesch an aner Kaarte vun der Stad Lëtzebuerg. Déi fréier Bezeechnung Stadgronn war an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert nach ganz geleefeg. Quell: mëndlech Matdeelung vum R. Philippart, 16. Februar 2018.
  2. Quell: Bierger-Zenter vun der Stad Lëtzebuerg.
  3. Michel Pauly: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn.]
  4. Schaus Raymond, Au Stadgrond autrefois, Die Warte Nr. 14/2292, Luxemburger Wort 29. Abrëll 2010
  5. De 15. Mee 1984 sinn déi 228 Prisonéier aus dem Grënner Prisong an dee Schraasseger geplënnert.
  6. Cf. https://www.luxembourg-city.com/fr/blues-n-jazz-rallye
  7. Cf. http://www.duckrace.lu
  8. Cf. http://konschtamgronn.com
  9. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.
  10. Cf. industrie.lu
  11. Cf. http://www.fanfareroyale.lu
  12. Cf. https://web.archive.org/web/20180115054011/https://faune-flore.lu/
  13. Cf. http://www.inter-actions.lu/quartiers/luxembourg-grund/
  14. Cf. http://www.spatzen.org/
  15. Cf. https://web.archive.org/web/20150215070707/http://luxembourgaccueil.com/
  16. Cf. https://www.facebook.com/bracarenses
  17. Cf. http://flgym.lu/#/clubs/19
  18. Cf. http://www.grund.lu
  19. Cf. http://www.gouvernement.lu/4197771/enseignement-musical
  20. Reichling, L., 1984. Les Hétéroptères du Grand-Duché de Luxembourg. 1. Psallus (Hylopsallus) pseudoplatani n. sp. (Miridae, Phylinae) et espèces apparentées. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 4 (1): 1-17. [1]
  21. Cf. d'Facebooksäit vu Vélo en ville: https://www.facebook.com/pages/Velo-En-Ville/440802842620666
  22. Cf. https://velosophie.lu
  23. Quell, wann net anescht uginn: LCTO, Plan Ville et environs, 9e édition, 1999
  24. Henri Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad, Nr. 44/1993, S. 22
  25. Quell: Stroosseschëlder vun der Stad Lëtzebuerg um Gebai vu Vins fins an um Gymnase Cents-Gronn.
  26. Cf. Clesse 1995 an der Literatur.
  27. 1795 huet d'Plaetisgaass "Rue des tanneurs" geheescht. Quell: Ons Stad 41/1992.