D'Biisserbréck, och nach Viaduc Polvermillen, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare. Den Numm Biisserbréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert.

Bisserbréck / Viaduc Polvermillen
Viaduc de Pulvermuhl
D'Biisserbréck vun der Cité judiciaire aus.
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 26’’ N
      6° 8’ 19’’ O
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Benotzt vun CFL-Linn 1
CFL-Linn 3
Féiert iwwer Uelzechtdall
Biisserwee
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt ca. 242 m
Héicht 37 m
Material Steen
Bemierkungen
Opgaangen 1862
Architekt(en)
Konzeptioun
Waring Brothers

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d'Nordstreck an d'Waasserbëlleger Streck.

D'Bréck ass vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf 1859[1] am Optrag vum Adolphe Favier, deen d'Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut.

Tëscht 2009 an Abrëll 2019 waren Aarbechten am Gaang, de Viaduc véiergleiseg ze maachen. Gläichzäiteg gouf och de Perré hannendru verlängert an den Tunnel ënnert dem Boulevard d'Avranches méi breet gemaach. De Käschtepunkt war 2004 op 110 Milliounen Euro ugesat, louch awer schonn 2014 bei 246 Milliounen Euro. De Gesamtmontant ass nach net bekannt. Den erweiderte Viaduc gouf den 11. Juni 2019, zesumme mat der zweegleiseger Streck tëscht der Gare Lëtzebuerg a Sandweiler/Conter, ageweit.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Biisserbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Waring Brothers op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt den 21. Januar 2019
  2. Nadine Schartz: "Brückenschlag in der Hauptstadt." wort.lu, 11.06.2019.