Gronn-Schleis
Deel vun der Festung Lëtzebuerg
D'Gronn-Schleis am Gronn vun der Stad Lëtzebuerg war en Deel vun der Festung Lëtzebuerg. Si gouf 1731 vun den Éisträicher iwwer d'Uelzecht ewech gebaut an 1867 beim Schleefe vun der Festung zu engem groussen Deel zerstéiert.
![]() Iwwerreschter vun der Gronn Schleis (lénkst Uwänner) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Datum vum Bau | 1731 |
D'Schleis, éischter am Fong e Wier, war geduecht, am Fall vun engem Ugrëff den Dall, engersäits vun der Uelzecht bis op Hamm, an anerersäits vun der Péitruss bis bei d'Bourbon-Schleis z'iwwerschwemmen, an et sou dem Géigner onméiglech ze maachen, sech do nidderzeloossen oder vun do aus unzegräifen.
D'Schleis ass awer ni zum Asaz komm.
BillerÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Gronn-Schleis – Biller, Videoen oder Audiodateien |