Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Niocolas Liez. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Liez.

Den Nicolas Liez, gebuer de 14. Oktober 1809 zu Neufchâteau am franséischen Departement Vosges, a gestuerwen den 30. August 1892 zu Dresden, war e Lithograph, Moler, Zeechner an Enseignant.

Nicolas Liez
Gebuer 14. Oktober 1809
Neufchâteau
Gestuerwen 30. August 1892
Dresden
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Sculpteur
D'Stad Lëtzebuerg vum Fetschenhaff aus gekuckt. 1870.[1]

Liewen änneren

Dem Nicolas Liez säi Papp Jean-Joseph Liez, dee vun Neufchâteau an de Vogese staamt, war eng Zäit laang an der franséischer Garnisoun an der Stad Lëtzebuerg stationéiert. Hie goung nees a seng Heemecht zeréck an huet sech do 1799 mat der Lëtzebuergerin Marie Weber bestuet. Wéi dee klenge Nicolas véier Joer al gouf ass d'Famill op Lëtzebuerg geplënnert.[2]

Mat 16 Joer goung den Nicolas Liez beim Jean-Baptiste Fresez an d'Léier an ass an d'Zeecheschoul vun der Gemeng gaangen. 1827 huet hie seng éischt Medail zu Lëtzebuerg gewonnen, 1830 eng aner op der Akademie vu Mons.

1832 gouf den Nicolas Liez vum lëtzebuergesche Lithograph Reuter agestallt an huet ugefaangen, um Album « Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg » matzeschaffen. Sou gouf den Direkter vun der Villeroy & Boch Faïencerie Boch, de Jean-François Boch, op hien opmierksam. De Boch huet hie vun 1837 un als Graveur bei sech schaffe gelooss an huet en 1840 op Paräis bei de Landschaftsmoler Hubert an d'Léier geschéckt, speziell fir sech an d'Aquarellskonscht eranzeschaffen. De Liez huet 1851 d'Faïencerie verlooss fir säin eegenen Atelier Um Piquet opzemaachen. Vun 1855 u war hien Enseignant fir Zeechnen, Physik a Chimie. No senger Hochzäit 1857 mat der Anne Wirths huet hie säin Atelier engem vu senge Schüler iwwerlooss. Nach ëmmer vum Beruff faszinéiert huet hien d'Faïencerie vun Däitsch-Oth kaaft, mä huet sech séier ruinéiert. Nodeem en dat Ganzt nees 1870 verkaaft huet gouf hien Direkter vun der Fabrick vu Villeroy & Boch zu Dresden. Do ass hien 1892 gestuerwen, nodeem hie sech a Sachsen e gudde Ruff als Moler gemaach hat.

Den Nicolas Liez war de Grousspapp vum Auteur an Zeitungsredakter Nicolas Liez (1864-1941).

Um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg ass d'Rue Nicolas Liez no him benannt.

Wierk (Auswiel) änneren

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Nicolas Liez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Kuckt och d'Bild vum William Turner aus den 1830er Joren, dat deen och vum Fetschenhaff aus gemolt huet.
  2. Quell vun dësem Kapitel: Noppeney 1933 in: Liez 1933, zitéiert vum Pierre Gregoire in Liez 1968 an der Literatur.