Op der Schmëdd (Stad Lëtzebuerg)

Op der Schmëdd ass den Numm vun enger Plaz am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Se läit westlech vun der Kräizung wou d'Tilleschgaass, den Neie Wee an d'Mënsterstrooss openee stoussen.

Op der Schmëdd
Numm lb: Op der Schmëdd
Längt ca. 15 x 15 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Gronn
Postcode 1645
Koordinaten 49° 36’ 30.2’’ N
      06° 08’ 06.0’’ O

Vun der Schmëdd aus kann ee mam Lift an d'Uewerstad fueren.

Geschicht änneren

Um ënneschte Wupp vum Gronnbierg stoung bis 1871 d'Grënnesch Paart, eng Paart an der 3. Rankmauer vun der Festung. An der Géigend vun der dëser Paart huet sengerzäit e Schmadd gewunnt deen der Paart eng laang Zäit och den Numm Smyetgesporte oder Clensmytgesport ginn huet, Bezeechnungen déi schonn an Dokumenter vun 1329 a 1448 opdauchen. Den Odonym vun der Plaz ass deemno eng Referenz op deem seng Schmëdd.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Op der Schmëdd (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren