Jean-Pierre Kunnert

lëtzebuergeschen, Politiker, Historiker an Auteur

De Jean-Pierre ("Jemp") Kunnert, gebuer den 1. Abrëll 1954 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen den 11. Juni 2018 zu Gräisch[1], war e lëtzebuergesche Professer, Historiker, Auteur a Lokalpolitiker.

Jean-Pierre Kunnert
Gebuer 1. Abrëll 1954
Gréiwemaacher
Gestuerwen 11. Juni 2018
Gräisch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Auteur

Biographie änneren

No senge Lycéesstudien am Stater Kolléisch, huet hien am Centre universitaire vu Lëtzebuerg an op der Universitéit vu Saarbrécken Geschicht, Franséisch a Konschtgeschicht studéiert.

Nom Stage pédagogique gouf hie Geschichtsprofesser, d'éischt an der Handwierkerschoul (1983-2001), mat Detachementer am Stater Kolléisch (1990-2000), a vun 2001 un am Lycée Aline-Mayrisch.

De Jemp Kunnert huet sech fir d'Erhale vum historesch-kulturelle Patrimoine a fir déi touristesch Fërderung vum Weste vum Lëtzebuerger Land (Äischdall oder Dall vun de siwe Schlässer, Mamerdall, Atertdall) agesat. Hien huet Responsabilitéite gedroen a Veräiner wéi Sauvez la Ville, Jeunes et patrimoine, Stad a Land, Confrérie Saint-Michel, an a regionalen Aktiounsgruppen am Kader vun der gemeinschaftlecher Initiativ Leader[2].

Vun 2002 u war hie President vun der Asivema, der Entente vun de Gemengen a Syndikater aus den Däller vun der Äisch, der Mamer an der Atert[3]. Hie war bis zu de Gemengewalen 2011 Member vum Gemengerot vu Simmer.

De Jemp Kunnert, war bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Bibliographie Jean-Pierre Koltz; in: Châteaux-forts, Ville et Forteresse - Contributions à l'histoire luxembourgeoise en hommage à J.P. Koltz; erausgi vun den Amis de l'Histoire, Lëtzebuerg, a vu Jeunes et Patrimoine, Lëtzebuerg; 1986; Ss. 247-263.
  • (mam Norbert Quintus a mam Robert Krantz) Notre patrimoine - Les dessins d'architecture du professeur Joseph Wegener; 3 Bänn, Lëtzebuerg, 1989.
  • De la ville fortifiée du Moyen Âge à la forteresse des Temps modernes; in: G. Trausch (dir.), La Ville de Luxembourg; Antwerpen / Anvers, 1994; Ss. 81-89.
  • André Chevalier, imprimeur 1686-1747 ; in: 125e anniversaire de la Fédération luxembourgeoise des Travailleurs du Livre; Lëtzebuerg, 1989; Ss. 103-115.
  • Le rôle de la forteresse de Luxembourg dans la région du 15e au 19e siècle ; in: Héritages culturels dans la Grande Région Saar-Lor-Lux-Rhénanie-Palatinat; Cahiers I.S.I.S. (vum Centre universitaire, Lëtzebuerg, erausgin), fascicule IV, 1996; Ss. 83-93.
  • Die Kreuzigungsgruppe von Roeser ; in: 90 Joer Harmonie Municipale <<Les Echos de l'Alzette>>, Réiserbann ; Réiser, 1995; Ss. 21-36.
  • L'histoire du LTAM [Lycée Technique des Arts et Métiers]: l'histoire de notre école avec l'image pour mémoire ; in: 100 Joer Handwierkerschoul ; Lëtzebuerg, LTAM, 1996; Ss.12-36.
  • Die Pietà in der Kirche von Koerich ; in: 250 Joer Käercher Kiirch - 1747 - 1997 ; 1999.
  • Architecture au Grand-Duché de Luxembourg (1839-1914) ; in: Le choc des libertés - L'Église en Luxembourg de Pie VII à Léon XIII (1800-1880) ; Baastnech (Musée en Piconrue), 2001.
  • Die Pfarrkirche Sankt Maximin in Greisch (1905-2005) ; Kunstverlag Josef Fink, 2006; 24 S., ill.;
  • Le quartier du Saint-Esprit, un quartier résidentiel dans les Temps Modernes ; In: Les maisons Richard et Printz: regards sur un quartier historique de la ville de Luxembourg ; Lëtzebuerg, 'Chambre des Députés', 2006; Ss. 211-223 (ill., Pl.).
  • Die Pfarrkirche Sankt Martin in Simmern. Kunstverlag Josef Fink, 2007; 24 S., ill.; ISBN 978-3-89870-395-6

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce op gedenken.lu.
  2. De Jhemp Kunnert war Member an de Comitée vu follgende Leader-Gruppen:
    • Leader I (1989-1993): Leader-Grupp un der Uewersauer
    • Leader II (1994-1999): Leader-Gruppen Klierf-Veianen a Réiden-Wolz
    • Leader plus (2000-2006): Leader-Grupp Äischdall
    • Leader (2007-2013): Leader-Grupp Mamer-, Äisch- an Atertdall+
  3. Claude Schomer: Generalversammlung der Asivema in Useldingen. Luxemburger Wort 7. Mäerz 2011, S. 18.