Johann von Aldringen

Feldhär am Déngscht vun der Kathoulescher Liga

De Johann von Aldringen, Barong vu Koschitz a Grof vu Gross-Ligma, gebuer den 10. Dezember 1588 am Stadgronn zu Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 22. Juli 1634 zu Landshut, war am Laf vum Drëssegjärege Krich e Feldhär am Déngscht vun der Kathoulescher Liga.

Johann von Aldringen
Gebuer 10. Dezember 1588
Gronn
Gestuerwen 22. Juli 1634
Landshut
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Militär
Famill
Papp Leonhard Aldringen
Mamm Margareta Klaut
De Johann Grof von Aldringen. Bild aus dem drëtte Band vum Wierk Theatrum Europaeum.

Et gëtt allgemeng als sécher betruecht, datt de Johann von Aldringen am Stadgronn - als Fils vum Leonhard Aldringen an der Margareta Klaut[2] - op d'Welt koum. D'Gemeng Lëtzebuerg huet eng entspriechend Plack um Gebuertshaus an der Tilleschgaass (rue Saint Ulric) ubruecht. Verschidden Historiker gi seng Gebuertsuertschaft awer mat Diddenuewen a Loutrengen un.

Hien huet aus enger aarmer Famill gestaamt an huet seng Carrière als Schreiwer an der Lëtzebuerger Landeskanzlei ugefaangen. Hien huet sech duerno an den Déngscht vu besseren Häre gestallt a war Lakai. Säin Intressi fir Schrëften huet et mat sech bruecht datt hie mat senge Meeschtere geléiert huet an e gouf staark an der Kalligraphie an haaptsächlech am Gebrauch vun de Sproochen. Nodeem hie seng éischt Meeschteren opginn hat goung hien an Italie wou e Sekretär vum Grof J. G. Madrucci gouf, dee Kommandant vun engem Mailänner Regiment war. Duerno goung en op Trient beim Madrucci säi Brudder deen do Bëschof war. Do krut hien eng dichteg Plaz an deem senger Kanzlei. D'Jalousie vun den anere Mataarbechter huet him d'Liewe schwéier gemaach an hien huet do d'Knëppele bei Tromm gehäit an huet sech op de Wee op Innsbruck gemaach. Do ass hien an déi keeserlech-habsburgesch Arméi agetrueden, wou e kuerz duerno Serjant gouf. Wéinst senger schéiner Schrëft krut hie vu senge Cheffen den Optrag d'Konten ze féieren an hir Korrespondenz ze maachen. Seng gutt Déngschter goufe geschwë belount an hie gouf Leitnant genannt.

Als frësch genannten Offizéier krut hie séier eng Geleeënheet fir sech e gudden Numm ze maachen, wéi en eng Verdeedegung géint eng Iwwermuecht fir seng Truppe entscheede konnt, an dat engem Mooss datt e puer Colonellen him de Kommando vun enger Kompanie an hirem Regiment offréiert hunn. Ënner deenen héijen Offizéier war den Neveu vum Äerzbëschof vu Salzburg. Wéinst de gudde Rotschléi déi den Aldringen deem ginn huet war deem säi militäresche Succès garantéiert an dem Aldringen säin och, soudatt en a kuerzer Zäit Majouer a 1622 Lieutenant-Colonel genannt gouf, a schliisslech bei der Belagerung vun Heidelberg Colonel-titulaire gouf. 1626 bei der Schluecht vun Dessau huet e géint de Mansfeld gekricht an d'Stellung vum 1. bis de 24. Abrëll gehalen, bis de Wallenstein mat enger Ersatzarméi do war.

Fir seng militäresch Erfolleger krut hie 1630 den Titel Reichsgraf.

Fir un hien z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt. D'Rue Aldringen verbënnt de westleche Wutz vun der Biedergaass mat der Groussgaass, féiert laanscht déi al Post iwwer d'Montereys-Avenue ewech bis an d'Ënneschtgaass. D'Busgare déi am Volleksmond no der Strooss „Um Aldrénger” genannt gouf (offiziell: Place Émile-Hamilius) an déi op der Plaz vun der fréierer Aldringerschoul ugeluecht war, war tëscht 1977 an 2015 e wichtege Verkéiersknuet an der Uewerstad.

Dem Aldringen säi Graf ass am Klouschter Prüll bei Regensburg.

Illustratiounen

änneren

Literatur

änneren
  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910 [Neioplo 1972]. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Verlag É. Kutter, Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg. 514 p. [Johann von Aldringen: S. 51]
  • Grégoire, Pierre, 1984. Saint Norbert et Jean d'Aldringen. Die Warte Jg. 37, Nr. 7: 1; Nr. 8: 4. Luxembourg.
  • Kunnert, Jemp, 1984. Stadtgrund — ein Spaziergang gang durch Raum und Zeit. Ons Stad 15: 10-15. PDF 1,9 MB
  • Neyen, A., Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait.
  • Vedruns, J., 1934. La famille Aldringen. Les Cahiers luxembourgeois 3 (1934), S. 293-296.

Um Spaweck

änneren
Commons: Johann von Aldringen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Deutsche Biographie op der Websäit vun der „Bayerischen Staatsbibliothek“, fir d'lescht gekuckt de 14. Dezember 2015
  2. Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 29. Mee 1942, S. 3
  3. Den Text vun der Plack enthält e Feeler, "NAQUIT" wier déi korrekt franséisch Schreifweis. Wéinst der fréierer Plack krut d'Haus de Spëtznumm "Icinaki", cf. Kunnert 1984 an der Literatur.