De Fernand Théato, gebuer de 16. Februar 1940 a gestuerwen den 8. Juni 2012 am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Lokalhistoriker.

Fernand Théato
Gebuer 16. Februar 1940
Gestuerwen 8. Juni 2012
Aktivitéit Historiker

Liewen änneren

De Fernand Théato hat den Elektrikerberuff geléiert an ass 1962 als Handwierker am Elektrizitéitswierk an der Stad ugestallt ginn. No der Militärzäit an der Meeschterprüfung huet en am Mee 1965 eng berufflech Carrière als Expéditionnaire administratif am Service de l'Architecte bei der Bautepolice ugefaangen.[2]

Hien huet sech en Numm gemaach als Botschafter vum Pafendaller Quartier, deem seng Geschicht e bis an all Detail kannt huet. Hien huet och eng Rei Publikatiounen zum Theema Pafendall gemaach. Beim Stater Syndicat d'initiative war hien och Touriste-Guide.

Hie war der Rei no Grënnungsmember, President, Vizepresident an Éierepresident vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff.

Hie war laangjärege Sekretär vum Männergesankveräin Sang & Klang Pafendall an Archivist a Verwalter vum Veräinssall.

Hi war och President vun der Pafendaller Kierchefabréck.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Théato, F., 1982, Vereinschronik. Eng Seit Pafendaller Geschicht. In: 125 Joer Sang a Klang Pafendall, S.64-90. Dréckerei Print-Service, Lëtzebuerg. 280 S.
  • Théato, F., 2002, Chronique d'une société. De Pafendaller Sang & Klang. Eng grouss Säit stadlëtzebuerger Kulturgeschicht. Revue musicale, Lëtzebuerger Musekszeidong 2002 Nr. 1, S. 9-10.
  • Théato, F., 2006, Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, 124 S.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Doudesannonce, Luxemburger Wort vum 12. Juni 2012, S. 49.
  2. Noruff Luxemburger Wort 12. Juni 2012 S.14