Haaptmenü opmaachen

Inhaltsverzeechnes

EvenementerÄnneren

 
Jang de Blannen
 
Europa am Joer 1328
  • 1307: De Philippe IV. vu Frankräich, 1285 op den Troun komm, huet all d'Member vum Templeruerde verhafte gelooss, offiziell wéinst Ketzerei a Sodomie, a Wierklechkeet virun allem well e mat de Sue vum Uerde seng eidel Keese fëlle wollt an et net ausstoe konnt datt et eng staark Organisatioun gouf déi am Widersproch zu senger Opfaassung vu kinneklecher Autoritéit stung. Well de Prozess trotz oder grad wéinst den Aveuen ënner Folter net ganz déi gewënschten Tournure krut, huet de Philippe IV. en Appel un de Poopst Clemens V. geriicht, an deen huet den Uerden 1312 aus "apostolescher Muechtvollkommenheet" opgeléist.
  • 1308: Den Heinrich VII., Grof vu Lëtzebuerg, gouf als Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt an zu Oochen gekréint.
  • 1309: De franséische Kinnek Philippe IV. huet de Poopst Clemens V. ënnerstëtzt wéi dee wéinst Muechtkämpf zu Roum fort wollt a sech zu Avignon néiergelooss huet. Fir déi nächst 67 Joer geroden d'Peepst ënner den Afloss vun der franséischer Kroun. 1378 wollt den deemools nei gewielte Poopst zu Roum bleiwen, säin autokratesche Stil huet awer enger Rei Kardinäl net gepasst, déi sech dunn alt nees u Frankräich gehalen hunn an e Géigepoopst gewielt hunn, dee sech nees zu Avignon installéiert huet - dat Grousst Schisma sollt 39 Joer bis 1417 daueren, an huet vill kierchlech Institutioune wéi d'Mënchsuerden an zwee Lager gespléckt.
  • 1310: De Jang de Blannen, Jong vum Heinrich VII, gëtt Grof vu Lëtzebuerg.
  • 1311: De Jang bestit d'Elizabeth vu Béimen.
  • 1312: De Jang gëtt als Kinnek vu Béimen gekréint, als éischte vu véier béimesche Kinneken aus dem Haus Lëtzebuerg.
  • 1312-1340: De Jang huet a verschiddene Feldzich an Däitschland, Italien, Litauen an a Loutrengen gekämpft, an ass am zweete Litauesche Feldzuch op engem A blann ginn a gouf zënterhier "Jang de Blannen" genannt.
  • 1346: De Jang de Blanne fält a Frankräich an der Schluecht vu Crécy. Den eelste Jong vum Jang de Blannen, de Karel IV. gouf als Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt a gouf Kinnek vu Béimen als Karel I. Sengem Hallefbrudder Wenzel I. huet e spéider Lëtzebuerg iwwerlooss.
  • 1349: Ugaangs des Jores kënnt d'Pescht och op Lëtzebuerg, e gudden Deel vun der Bevëlkerung kënnt ëm. Domat net genuch, zanter dem Ufank vum Joerhonnert huet sech d'Klima spierbar ofgekillt, Keelt an eng sëlleche Wiederen hunn zu enger Agrarkris gefouert - wat d'Mënsche geschwächt huet a villäicht eben dowéinst der Pescht et erméiglecht huet sech sou séier auszebreeden.
  • 1354: Lëtzebuerg ass zum Herzogtum erhuewe ginn. De Wenzel I. gëtt éischten Herzog, an huet am selwechte Joer d'Jeanne vu Brabant bestuet.
  • 1361: D'Osmanen erueweren Adrianopel, déi zweetgréisst byzantinesch Stad, duerno fale Makedonien (1371) a Bulgarien (1385 an 1396) an hir Hänn. Konstantinopel selwer konnt sech zu där Zäit zwar nach halen, war awer just nach e Klengstaat.
  • 1383: De Wenzel I. stierft ouni Ierwen ze hannerloossen an d'Herzogtum geet u säin Neveu Wenzel II.
  • 1383-1443 De Wenzel II. verpännt Lëtzebuerg un de Jobst vu Mieren.

Wichteg PersounenÄnneren

Erfindungen an EntdeckungenÄnneren

  • Riederauere kommen op, an der éischter Hallschent vum Joerhonnert éischter nach an Italien, an der zweeter Hallschent méi a méi och am Rescht vun Europa. Et waren an där Zäit ëffentlech Aueren an den Tierm vu Kierchen a Märeien, déi zur voller Stonn eng Klack laude gelooss hunn, entweder automatesch oder duerch en Tiermer. Méi spéit koumen Zifferblieder op, ugaangs just mat engem Stonnenzär.
  • Sandauere koumen ongeféier zur selwechter Zäit op. Hire Virdeel par rapport zu de mechaneschen Auere war datt se méi bëlleg waren, op där anerer Säit huet een net duerften de richtege Moment verpasse fir se ze dréinen. De Séifuerer huet se gedéngt fir d'Schëffsvitesse ze moossen an ze bestëmme wéini eng Nuetswuecht eriwwer war, se huet et erméiglecht d'Brenndauer an engem Uewen ofzemoossen, jo souguer Priedegtzäite konnt een domat limitéieren.
  • Feierwaffe komme ganz lues op. 1324 war e Pot de fer bei Metz am Asaz, eng Zort Feierdëppen a Vaseform aus Eisen oder Bronze, dat schweier Feiler verschéisse konnt a wéinst dem héije Gewiicht beim Transport just fir d'Verdeedegung vun enger fester Positioun oder eng Belagerung benotzt konnt ginn. Méi mobil dogéint war en Handrouer, deen och ugaangs vum Joerhonnert entwéckelt gouf a sech verbreet huet, an dee souguer 20-mol méi bëlleg ze baue war wéi eng Aarmbroscht, op eng 100m eng Ritterrëschtung duerchschloe konnt, wéinst der niddreger Schossfrequenz an der Ufällegkeet vum Polfer géint Wand an Nätzt awer och manner fir oppe Feldschluechten a méi fir Belagerunge gëeegent war, mä op d'mannst och fir en Hannerhalt geholl konnt ginn.
  • Wann och schonn am viregte Joerhonnert erfonnt, sou hu Pabeier aus Lompen an d'Pabeiermillen sech réischt am 14. Joerhonnert lues a lues verbreede kënnen, ier se dann am nächste Joerhonnert eng richteg Konkurrenz fir de Pergament aus Déierenhaut goufen an dee méi a méi verdrängt hunn.

JorenÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: 14. Joerhonnert – Biller, Videoen oder Audiodateien