Michel Schettlé

lëtzebuergesche Schlässer, Cafetier, Politiker a Gewerkschaftler


De Michel Schettlé, gebuer den 23. November 1882 am Gronn a gestuerwen de 26. Oktober 1932 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schlässer, Cafetier, Politiker a Gewerkschaftler.[1]

Michel Schettlé
Gebuer 23. November 1882
Gronn
Gestuerwen 26. Oktober 1932
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler, Politiker

Als Kran-Conducteur op der Hollerecher Schmelz war hien 1916 ee vun de Matgrënner vum Luxemburger Metallarbeiterverband (LMAV) a vun 1917-1918 deem säin éischte President. Bei der Fusioun mam BHAV, 1920, zum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband gouf hie Member vun der Direktioun vun dëser neier Gewerkschaft.[2]

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf de Michel Schettlé als Deptuéierten an d'Chamber gewielt. Am Mäerz 1920 huet hie seng Demissioun ginn, fir dem Michel Welter Plaz ze maachen.[3]

1921 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. De 24. Abrëll 1924 gouf hien do zum Schäffen nominéiert[4], an am Dezember 1924 krut hie säi Mandat bis 1929 verlängert.[5]

Ausserdeem war hie vun 1925 bis 1930 President vun der Fanfare Grand-ducale de Luxembourg-Grund. Um Enn vu sengem Liewe war hie Cafetier.[2]

Gielercher[1] änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Michel Schettlé am Tageblatt vum 27. Oktober 1932
  2. 2,0 2,1 Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.161.
  3. Kammer-Revue am Luxemburger Wort vum 17. Mäerz 1920
  4. Memorial N° 20 vun 1924 mat der Publikatioun vun de Membere vum Schäfferot vun der Gemeng Lëtzebuerg.
  5. Memorial N°66 vun 1924 mat der Publikatioun vun de Membere vum Schäfferot vun der Gemeng Lëtzebuerg