De Skatepark Péitruss ass e Skatepark am Péitrussdall ënnert der Aler Bréck am Stater Quartier Gronn. En huet eng Fläch vun 3.400 m², vun deenen der 2.500 m² fir Skateboarding reservéiert sinn.[1]

Vue vun der Aler Bréck op de Skatepark
De Skatepark am Dall vun der Péitruss

Et ass den zweete Skatepark an der Stad Lëtzebuerg. Zu Hollerech am fréiere Schluechthaus gëtt et schonn een, deen awer iwwerdaacht ass.[2]

Geschicht änneren

2004 hu Skateboard-Enthusiasten vun der a.s.b.l. skatepark.lu fir d'éischte Kéier Vertrieder vun der Gemeng kontaktéiert, fir iwwer de potentielle Bau vun engem Skatepark am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg ze diskutéieren.[3] 2008 ass d'Plaz bei der Rue Saint-Quirin fir weider Studien vum Stater "Service des Parcs" zeréckbehale ginn. Am Juli 2013 gouf de Virprojet dem Gemengerot presentéiert an en initiale Budget vun 1,445 Milliounen Euro[4] gestëmmt.[5] Am Juni 2015, no der offizieller Ausschreiwung, huet de Gemengerot säin entgültegen Accord fir esou eng Anlag ginn, an de Budget op zwou Milliounen Euro erhéicht.[2][5]

De Skatepark ass den 22. Juli 2016 opgaangen.[6]

Den 3. September 2016 huet sech e Mann suicidéiert, andeems e vun der Aler Bréck gesprongen ass. En ass direkt nieft dem Agank vum Skatepark opgeschloen, och net wäit vun enger Spillplaz ewech. Dat Ganzt ass vu ville Kanner a Jugendleche gesi ginn.[7] Doropshin gouf eng provisoresch Clôture op der Bréck installéiert.[8],[9]

Um Spaweck änneren

Commons: Skatepark Péitruss – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Déi selwecht Plaz 1980 vun der Aler Bréck aus gesinn

Referenzen änneren

  1. Beschreiwung um Site vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt de 27. August 2017)
  2. 2,0 2,1 Luxemburger Wort: Der "Skatepark Péitruss" kündigt sich an (3. Februar 2016)
  3. Eldoradio: E Freideg geet den Skatepark offiziell op (19. Juli 2016)
  4. Paperjam: Un skatepark dans la Pétrusse (6. Juli 2015)
  5. 5,0 5,1 Geschicht vum Skatepark Péitruss op skatepark.lu (gekuckt de 27. August 2017)
  6. L'essentiel: Hier schlägt das Skaterherz Purzelbäume (21. Juli 2016)
  7. Le Quotidien: Suicides à Luxembourg-Ville : la sécurisation du viaduc à l'étude (13. September 2016)
  8. L'essentiel: Stadt Luxemburg will das Viadukt absichern (9. September 2016)
  9. Eldoradio: Stëmmen no Schutz gi méi haart (6. September 2016)