Auguste Engel

lëtzebuergesche Sänger
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Auguste Engel, gebuer den 23. November 1889[1] am Stater Gronn a gestuerwen den 1. Januar 1950 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e Komponist, Sänger, Schauspiller an Dirigent.

Auguste Engel
Gebuer 23. November 1889
Gronn
Gestuerwen 1. Januar 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Schauspiller, Dirigent

D'Musek gouf him souzesoe vu senger Mamm an d'Wéi geluecht, déi aus enger Musekerfamill gestaamt huet. Schonn a jonke Joren huet sech dem Engel säi musikalescht Talent gewisen an hie gouf 1920 Dirigent vum grënnesche Gesangsveräin „Société Chorale et Dramatique‚ La Fraternelle‘“. Hie war och Dirigent vun de Gesangsveräiner op der Polfermillen, zu Péiteng, Schëffleng an Izeg.

Hie war mat der Alice Wirol bestuet, enger Sängerin déi och an der ‚Fraternelle‘ aktiv war.

Als Undenken un den Auguste Engel an op Demande vu sengem Gesangsveräin huet de Stater Gemengerot den 12. Abrëll 1965 beschloss, d'Plaz Bei der Hasteschmillen a Place Auguste-Engel emzedeefen. Déi offiziell Aweiung vun der Plaz mam neien Numm war de 4. Juli 1965.

Quellen änneren

Um Spaweck änneren

Den Auguste Engel am Musikerlexikon

Referenzen änneren

  1. Den Auguste Engel am Luxemburger Lexikon S. 104, 1.Oplo 2006 Éditions Guy Binsfeld
  2. Doudesannonce vum Auguste Engel am Escher Tageblatt vum 3. Januar 1950. eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 21 September 2021.