The Grund Club Luxembourg

The Grund Club Luxembourg A.s.b.l., och nach Grund Club oder Grund Club Songwriters genannt, ass e lëtzebuergesche Veräin ouni Gewënnzweck, deen den 31. Dezember 2015[1] an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Den Numm leet sech vum Stater Quartier Gronn of.

Den Haaptzweck vum Veräin ass et, en Archiv vu Lidderkompositiounen aus Lëtzebuerg a vu senge Grenzgebidder zesummenzestellen an déi Lidder am Kader vun Optrëtter bekannt ze maachen.

De Veräi besteet uganks 2016 aus engem Kollektiv vu ronn 30 Museker a Lidderschreiwer, déi reegelméisseg Lidderowenter organiséieren:

  • Grund Club Songwriter season shows: véiermol am Joer an der Abtei Neimënster
  • Grund Club Voices shows: all Mount, fir eenzel Sänger d'Geleeënheet ze ginn, e ganzen Owend opzetrieden.
  • Private sessions: sechsmol am Joer, wou déi bescht Lidderschreiwer "unplugged" optrieden
  • Open Mic Afternoons: all 2 Wochen am virleefege Kreativzentrum Hariko vum Lëtzebuergesche Roude Kräiz.

Dernieft organiséiert de Grund Club Museksatelieren a Musekscoursen, bitt de Sänger a Lidderschreiwer Hëllef un, fir sech ze professionaliséieren.

Geschicht

änneren

De Veräi geet op d'Initiativ vum Lidderschreiwer Lata Gouveia zeréck, deen zanter 2012 reegelméisseg zu Lëtzebuerg optrëtt an an déi lëtzebuergesch Musekszeen eragewuess ass. Den inoffizielle Startschoss vum Grund Club war den 20. September 2013, wéi de Lata Gouveia den éischte vun enger Serie vu Sänger- a Lidderschreiwerowenter organiséiert huet. Zanter dem September 2014 begleet eng eege Musekscombo, de Grund Club Quartet, déi verschidde Sänger.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. D'Statuten am Memorial.