Al Bréck

Stroossebréck an de Stad Lëtzebuerg

D'Al Bréck och nach Passerell genannt (offiziell pont Viaduc), ass eng Bréck an der Stad Lëtzebuerg, déi d'Uewerstad mam Garer Quartier verbënnt. Si huet eng Längt vun 308,40 Meter a besteet aus 26 Béi (vun deenen der haut e puer verstoppt sinn). D'Feldwäite vun de Béi variéieren tëscht 8 a 15 Meter an d'Bréck ass 45 Meter héich.

Viaduc
Al Bréck, Passerell
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 20.78’’ N
      6° 08’ 00.95’’ O
Funktioun
Benotzt als Stroossebréck
Benotzt vun Nationalstrooss 50
Féiert iwwer Péitruss-Dall
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt 308,40 m
Felder/Béi 26
Feldbreet(en) 8 m - 15 m
Breet 17,70
Héicht 45 m
Material Steen
Bemierkungen
Opgaangen 29. August 1861
Architekt(en)
Konzeptioun
Achille Grenier
Auguste Letellier
Entreprener Waring Brothers

Geschicht

änneren

Wéi de Grondstee fir d'Stater Gare den 30. Oktober 1858 geluecht gi war, hu sech déi Responsabel vun der Stater Gemeng Gedanke gemaach, wéi den Uschloss vun der d'Stad un déi zukünfteg Gare - déi baussent der Festung, op deemolegem Hollerecher Territoire louch - kéint gemaach ginn. Den 20. November 1858 huet de Gemengerot e Projet vun enger Bréck iwwer de Péitrussdall ugeholl, dee vun den Ingenieure vum Guillaume-Luxembourg, Achille Grenier an Auguste Letellier, gemaach gi war. Se gouf vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut; de Grondstee gouf de 5. Oktober 1859 geluecht. Fir de Verkéier goung d'Bréck den 29. August 1861 op. Se hat deemools eng Längt vun 330 m an eng maximal Héicht vun 42 m iwwert dem Dall.

Vum 1. Juli 1860 un, wärend d'Bréck gebaut gouf, war eng hëlzen Noutbréck, eng Passerell, opgeriicht ginn an den Numm gouf fir déi fäerdeg Bréck bis haut bäibehalen.

Bei Renovéierungsaarbechte gouf se 1960 fir den ëmmer méi héije Verkéier duebel esou breet gemaach, vu 7,5 op 15 Meter.

Den Numm Al Bréck krut se, wéi uganks 1900 d'Nei Bréck, nämlech d'Adolphe-Bréck, gebaut gouf.

Den 22. September 2006 ass am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch déi westlech Fuerspuer op der Bréck fir d'Vëlosfuerer reservéiert ginn. D'Vëlosspuer kann - anescht wéi den Individualverkéier deen nëmmen a Richtung Stad fuere kann - a béide Richtunge benotzt ginn[1].

Am Hierscht 2018 sinn Aarbechten ugaangen, fir d'Bréck ëm 2,40 Meter, bis op am Ganze 17,70 Meter, nach eng Kéier méi breet ze maachen. Et koum haaptsächlech eng 3 Meter breet Busspuer a Richtung vum Garer Quartier derbäi, d'Spuere fir de motoriséierte Verkéier goufe vun 2,90 op 3 Meter méi breet gemaach, an et koum e 4,50 Meter breede Wee fir Foussgänger a Cyclisten (a béid Richtungen) op der Westsäit bäi, iwwerdeems den aneren Trëttoir 20 Zentimeter bäikritt huet[2]. Bis Enn 2021 gouf nach op der ëstlecher Säit geschafft, fir den Trëttoir an d'Gelänner do identesch zu deem vis-à-vis ze erneieren[3].

D'Busspuer a Richtung Gare ass den 3. November 2019 opgaangen[4]; d'Vëlospist gouf de 16. September 2020 ageweit[5].

De Projet war mat engem Budget vu knapps eelef Milliounen Euro geplangt; d'Käschte gi vum Staat iwwerholl[6].

Um Spaweck

änneren
Commons: Al Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Feist, P., 2006, “So viele Aktionen” am Lëtzebuerger Land, Nr. 38 vum 22. September 2006
  2. Nadine Schartz: "Brückenschlag in der Hauptstadt." wort.lu, 11.06.2019.
  3. Elargissement du pont "Passerelle". travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 23.09.2020.
  4. Réouverture du pont passerelle "Al Bréck" après élargissement - présentation du réaménagement de la piste cyclable et des dispositifs de sécurité du pont op gouvernement.lu den 3. Novembre 2019
  5. "Anti-Suicide-Konstruktioun am Moment provisoresch." rtl.lu, 16.09.2020 20:25.
  6. Nadine Schartz, Die Tram, eine Radpiste und die Platanen op wort.lu de 6. August 2018 an ënner dem Titel Die Platanen-Allee am Luxemburger Wort vum 6. August 2018, Säit 17.