Péitruss (Film)

Film vum Max Jacoby
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Péitruss. Fir d'Baach, kuckt wgl. Péitruss.

Péitruss ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Max Jacoby, dee seng Avant-Première den 12. Mäerz 2019 um LuxFilmFest hat, an deen den 23. Oktober 2019 an de Kino koum. E verbënnt Elementer vum Krimi, Film noir a Psychologeschen Thriller.[1]

Péitruss
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Holland
Produktiounsjoer 2019
Première 12. Mäerz 2019 (Avant-Première)
23. Oktober 2019 (Kinostart)
Dauer 93 min
Originalsprooch Däitsch
Englesch
Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Max Jacoby
Dréibuch Max Jacoby
Fotografie Tibor Dingelstad
Musek David Sinclair
Schnëtt Mieneke Kramer
Produzent Samsa (Jani Thiltges)
New Amsterdam Film Company
(NL; Sander Verdonk)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Maarten Heijmans als Joakim
Peri Baumeister als Lara
Jules Werner als Toni
Anouk Wagener
Sarah Lamesch
Rifka Lodeizen
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Film war bei den 9. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschte lëtzebuergesche Laangfilm (Fiktioun oder Animatioun) " nominéiert.

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Lara huet viru kuerzem eng Relatioun mam attraktiven an och e bësse mysteriéise Joakim ugefaangen. Seng Bezéiung mam Polizist Toni läit elo an der Vergaangenheet. De Joakim schafft als Taxichauffeur, bis e seng eege Kampfsportschoul op ka maachen. D'Lara schafft an engem Weesenheem. D'Kanner hunn hatt gär, an hatt mécht alles fir d'Kanner. Hatt suergt sech a leschter Zäit awer ëm eng vun de fréiere Bewunnerinne vum Heem, d'Sarah, dat verschwonnen ass. Mee du gëtt eng Läich am Dall vun der Péitruss fonnt, an op eemol ass net nëmmen den Toni erëm do, mä och dem Lara säi Bild vum Joakim fänkt u mat wackelen.[2]

Produktioun änneren

De Max Jacoby, dee laang an England gelieft huet, krut d'Inspiratioun fir säi Film vum "Yorkshire Ripper", en englesche Seriemäerder, deen tëscht 1975 an 1980 mindestens 13 Fraen ëmbruecht huet.[2][3]

De Film, deen e Budget vun 3 Millionen Euro hat, ass eng Kopoduktioun tëscht der Lëtzebuerger Samsa Film an der hollännescher New Amsterdam Film Company.[1]

An den Haaptrolle sinn déi däitsch Schauspillerin Peri Baumeister, den Hollänner Maarten Heijmans an de Lëtzebuerger Jules Werner ze gesinn. Fir den Heijmans, deen 2015 en Emmy fir seng Roll an der hollännescher Serie Ramses krut, war et déi éischt auslännesch Roll.[4] De Jules Werner hat schonn eng Roll am Jacoby sengem Kuerzfilm Butterflies (2005).

De Film gouf ë. a. am September 2017 am Pafendall, am Gronn an um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg gedréint.[5]

Kritik änneren

Cineuropa:[1]

It's a convoluted plot which intentionally confuses the viewer, to the point where it risks leaving audiences dubious and disenchanted. Nevertheless, Jacoby insists on intensifying the already oppressive atmosphere. He builds up the shots, creating an atmosphere that's so heavy, it's palpable, as per the images captured on the edge of the Pétrusse woodland, where the young women's bodies are found. This is a good moment to give deserved credit to director of photography, Tibor Dingelstad [...] Under the direction of Max Jacoby, the faces of Peitruss' actors are constantly drawn with stress, in line with the tension surrounding them; maybe too much so, as it leaves the characters somewhat unrounded. As Lara slowly uncovers the shadowy side of her lover, suspicions over his guilt begin to grow, but at the same time, their relationship intensifies. Ultimately, this endless oscillation from love scene to terse exchange is wearying for the viewer, who slowly loses faith in the credibility of the film.

Le Quotidien:[6]

Tourné en 35 mm, format fétiche de Max Jacoby, principalement dans le Pfaffenthal, dans des décors pour la plupart sombres, en anglais, allemand et luxembourgeois, Peitruss marche à merveille, sans jamais montrer la moindre image violente. Rien n'est montré, tout est suggéré! Une manière de mettre le spectateur à la place de Lara et ainsi de faire confiance à son ressenti. Une belle réussite!

wort.lu:[7]

Jahre hat die Entwicklung gebraucht; das gaben Jacoby und Samsa-Filmproduzent Jani Thiltges schon beim Dreh zu – und es scheint, als hat das [...] einfach zu lange gedauert, den Film in immer neue Richtungen geführt und zu stark verwaschen. So wirkt er wie das Machwerk eines Forschenden, der viel ausprobiert und dann letztlich Kompromisse macht: Jacoby will einerseits seine Sprache zeigen. Wie drücke ich was aus, wie kann ich mein Vokabular reduzieren, was ahnt der Zuschauer, ohne ihm Offensichtliches auf das Brötchen schmieren zu müssen? [...] [D]ann kommt manches so platt daher wie ein Standard-„Tatort“, der überall hätte spielen können. Das macht den Film zweischneidig. Echte Gewinner dieses Streifens sind letztlich die Hauptdarstellerin Peri Baumeister, der Kameramann Tibor Joris Dingelstad, der mit Jacoby Luxemburg ein ganz neues Licht verleiht, und der Filmmusik-Komponist David Sinclair. Er mag dann zwar kein überragendes Meisterwerk sein – aber ein guter Fingerzeig, was Jacoby könnte, wenn er dann noch eine gute Story in die Hände bekommt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 cineuropa.org: Review: Peitruss vum Guilhem Caillard (19. Mäerz 2019)
  2. 2,0 2,1 land.lu: Luxembourg noir vum Marc Trappendreher (1. November 2019)
  3. Dem Max Jacoby säin zweete Long Métrage (Interview um Radio 100,7
  4. nu.nl: Maarten Heijmans heeft rol in psychologische thriller Péitruss (29. September 2007)
  5. "Thrillerstimmung auf dem Nikloskierfecht." wort.lu, 19. September 2017 um 19:41.
  6. lequotidien: Peitruss, un bon thriller psychologique signé Max Jacoby vum Pablo Chimienti (24. Oktober 2019)
  7. wort.lu: Filmkritik der Woche: Scharfe Kontraste vum Daniel Conrad (26. Oktober 2019)